Category: Divers

  • Du wollts et jo sou! Erfarunge vu jonke Politiker an der Gemengepolitik.

    Du wollts et jo sou! Erfarunge vu jonke Politiker an der Gemengepolitik.

    Du wollts et jo sou! Erfarunge vu jonke Politiker an der Gemengepolitik.   Eist Event vum 17.11 am Indies kann een elo och als Podcast lauschteren ⤵️🎙 Apple Podcasts Spotify

  • CSJ – #OppeSozialResponsabel #ZukunftAssElo

    Loscht deng Iddie fir d’Zukunft vu Lëtzebuerg mat anzebréngen? Loscht de Renouveau vun der CSV matzegestalten? Da maach mat a mell dech bei eis un: https://csv.lu/member-ginn/ Als Jonker vun der CSV iwwerhuele mir schonn haut Verantwortung an iwwer 30 Gemengen zu Lëtzebuerg a setzen eis um nationale Plang dofir an, eiser Partei neie Schwong an […]

  • PETITIOUN 698 – Verstoen amplaz ze (ver)uerteelen

    PETITIOUN 698 – Verstoen amplaz ze (ver)uerteelen

    D‘Petitioun 698 iwwert d’Lëtzebuerger Sprooch, déi Enn August an d‘Chamber eragereecht gouf, zielt mëttlerweil schonn iwwert 13000 Ënnerschrëften. Säit deem maachen sech och Stëmme bemierkbar, déi sech zum Zill gesat hunn eleng d’Existenz vun dëser Petitioun an d’lächerlecht ze zéien, sou wéi och d‘Leit déi se ënnerschriwwen hunn ob eng scho bal grotesk Aart a […]

  • CSJ-Nationalkongress 2015

    Den 21. Mäerz 2015 haat d’CSJ hire Nationalkongress zu Dikrech. De Kongress huet des Kéier een Dag gedauert (vun 9:30 bis 17:00) an d’CSJ Norden huet fir Iessen a Gedrenks gesuergt. Der CSJ Norden en decke Merci fir déi super Organisatioun. Niewt enger Statutereform vun der CSJ, sinn och 9 Resolutiounen diskutéiert a gestëmmt ginn. […]

  • Conférence-Débat zum Thema Relioun, Integratioun a Participatioun

    Relioun, Integratioun a Participatioun: Wéi steet d’Relioun zur Integratioun? Wéi geet de chrëschtleche Gedanken mat der Pluralitéit vu Nationalitéiten ëm, déi an der chrëschtlecher Gemeinschaft sinn? Invité war den Daniel Laliberté aus dem Centre Jean XXIII.    

  • “Frësch Loft” an der Chamber !

    Haut de Mëtteg huet de Laurent Zeimet säin Eed an der Chamber als neien Deputéierten ofgeluet. Mir wënschen dem fréieren CSJ-Nationalpresident vill Erfolleg bei dësem wichtege Mandat. Als Oppositiounsdeputéierte wäert hie sécherlech fir frësch Loft an der Chamber suergen.

  • Grënnung CSJ Käldall

    Meindes den 29. September gouf d’CSJ Käldall gegrënnt, als Fusioun vun der CSJ Käl-Téiteng a Rëmeleng. Präsident ass den Jacob Kim. Mir freen eis op eng gutt Zesummenaarbecht mat him a sénger Ekipp.

  • Public viewing Juncker vs. Schulz

    Public viewing Juncker vs. Schulz

    Den 8. Mee huet d’CSJ e Public viewing vum ZDF Duell Juncker vs. Schulz am Independent Café an der Stad organiséiert. Et war och d’Geleeënheet fir eisen CSJ-Kandidat de Christophe Hansen virzestellen, souwéi eis Prioritéite fir Europa. Zousätzlech Informatiounen heizou fannt dir an der Rubrik Wahlen. All d’CSV-Kandidaten fannt dir op www.csv.lu  

  • Start vun der CSJ-Europacampagne

    D’Wahlcampagne fir d’Europaparlamentswahlen ass offiziell amgaang! Informatiounen zu eisem CSJ-Kandidat dem Christophe Hansen souwéi eis Prioritéiten fir Europa fannt dir an der Rubrik Wahlen. Den 8. Mee ass eist Haaptwahlevent am Indies an der Stad (Public viewing vum Duell Juncker vs. Schulz).

  • Communiqué de presse: Positioun vun der CSJ “Schüler a Studenten” zu de Studiebäihëllefe

    Communiqué de presse: Positioun vun der CSJ “Schüler a Studenten” zu de Studiebäihëllefe

    De Gesetzprojet 6670 gesäit Modifikatiounen zu de Studiebäihëllefe vir an ass schonn déi zweet Reform an dësem Beräich innerhalb vun nëmme véier Joer. D’Reform vum François Biltgen am Joer 2010 hat d’Onofhängegkeet vum Student par Rapport zu den Elteren an de Mëttelpunkt gestalt. Ziel war et all Student d’Méiglechkeet ze ginn säi Studium am Ausland […]