De Gesetzprojet 6670 gesäit Modifikatiounen zu de Studiebäihëllefe vir an ass schonn déi zweet Reform an dësem Beräich innerhalb vun nëmme véier Joer. D’Reform vum François Biltgen am Joer 2010 hat d’Onofhängegkeet vum Student par Rapport zu den Elteren an de Mëttelpunkt gestalt. Ziel war et all Student d’Méiglechkeet ze ginn säi Studium am Ausland ze maachen ouni dass d’Käschte sollen e Grond dogéint sinn. D’Reform vun 2010 ass deemools mat Hinsicht op der konstanter Jurisprudenz vum Europäesche Geriichtshaff zesumme gestallt ginn. Duerch e Revirement vun hirer Jurisprudenz, deen net der Propose vum Avocat Général entsprach huet, ass de Budget fir d’staatlech Studiebäihëllefen dunn explodéiert. Wat vill Leit ignoréiere sinn d’Modalitéiten vun dëser Decisioun. D’Riichter vum Europäesche Geriichtshaff hunn deemools festgehal, dat de Critère de Residence ze „exklusiv“ wier an dat een e Critère festleeë muss deen der „Proximitéit“ vun de Frontalieren, déi zu Lëtzebuerg schaffen, Rechnung dréit.
No de rezenten Aussoen vum zoustännege Minister Claude Meisch (DP), hunn d’CSJ Schüler a Studenten (SaS) sech zesumme gesat, fir sech iwwer déi nei Propose vun der aktueller Regierung hier eege Meenung ze bilden. Et war der CSJ SaS wichteg dobäi eng konstruktiv Propose virzestrecken an net blann d’Regierungsproposen ze ënnergruewen. Trotzdem musse mir feststellen, dat et der geplangter Reform a ville Punkten u Kohärenz feelt!
1) De proposéierten Montant de Base vun 2000 € (deen all eenzelne Student soll ausbezuelt kréien, ob en am Ausland oder a sengem Heemechtsland studéiert) ass an dëser Form net akzeptabel. D’CSJ Schüler a Studenten fuerderen dat den Montant de Base bei 3000 € ugesidelt gëtt, woubäi 2000 € pauschal ausbezuelt ginn an weider 1000 € ausbezuelt gi wann de Student 80 % vun den ECTS Punkten am Studie-Joer packt. Domat wëlle mir nach eng Kéier dem Student seng Autonomie ënnersträichen, genau sou wéi seng individuell Verantwortung a Leeschtung. De Student hätt den Choix deen Deel vun 1000 € nodréiglech vum Staat ausbezuelt ze kréien oder den Prêt an der Bank an eng Bourse ëmwandelen ze loossen. Mir sinn eis bewosst, dat dësen Taux nach ëmmer ënnert dem fréiere Kannergeld läit, mee d’CSJ SaS fënnt dat dësen Taux sech an engem anere System an eng aner Logik aschreift. Doduerch soll en net onbedéngt un den ale Kannergeld-Taux ugepasst, mee a sengem Ensemble betruecht ginn;
2) De Critère de mobilité vun 2000 € (wou et dorëms geet, jonk Léit ze motivéieren an engem anere Land wéi hirem Heemechtsland ze studéieren) soll och an der proposéierter Form bäibehale ginn. Et ass richteg d’Mobilitéit weiderhin ze encouragéieren. Gläichzäiteg fënnt d’CSJ SaS dat de Critère net un ee Radius gebonne sollt ginn an – virun allem aus administrative Grënn – net vun der Studiestad ofhängeg gemaach gi soll;
3) De proposéierte Critère Social, wou een aktuell bis zu 2500 € kréie kënne soll, ass eisen Haaptkritikpunkt. Éischtens sinn CSJ SaS der Meenung, dass dëse Montant ze héich ass an sech éischter bei 2000 € situéiere sollt. Zweetens huet dëse “soziale” Critère, dee sengem Numm no zur sozialer Gerechtegkeet bäidroe soll, säin Ziel wäit verfeelt. Et ass an der Realitéit näischt aneres wei ee Critère de Revenu. Dat heescht bis elo soll nëmmen de Revenuë vun den eenzelne Menagë consideréiert ginn, awer net zum Beispill wéi vill Kanner an dësem Menage liewen. Et schéngt der CSJ SaS ganz kloer, dat dëse Critère ënnert dëser Form op kee Fall bäibehale gi kann. E Student, deen net méi am Haushalt vun den Elteren ugemellt ass, sollt och u sengem perséinleche Revenu gemooss muss ginn an net un deem vu sengen Elteren. De wichtegste Punkt ass awer deen, dat een d’Unzuel vun de Geschwëster déi gläichzäiteg studéieren an dëse Calcul abezéie muss. Sinn d’Geschwëster nach am Lycée, esou hunn déi d’Recht op Kannergeld. Am Fall wou se awer och scho studéieren, huet de Menage eng vill méi grouss Charge ze droen. D’Famill dës Charge droen ze loosse widdersprécht dem Geescht vun engem soziale Critère. Gläichzäiteg gesäit d’CSJ SaS näischt soziales dorun, enger Famill keng Méiglechkeet ze ginn extraordinär Chargë vun der Assiette ofzezéien. Dat dëst alles administrativen Opwand mat sech bréngt ass sécher. Par contre, kann et net sinn dat een ee soziale Critère festleet, deen der Realitéit keng Rechnung dréit an dee riskéiert grad enger finanziell staark belaaschter Famill (mat z.B. ville Kanner oder handicapéierte Kanner) zum Verhängnis ze ginn. Da muss d’Regierung och transparent sinn an dëse Critère „Critère de Revenu“ nennen an net „Critère Social“! Weiderhin ënnerstëtze mir d’Fuerderung vun der ACEL, dat déi Studenten déi kee Recht op de volle Montant vun der sozialer Bourse hunn, sollen d’Méiglechkeet kréien dësen Deel als Prêt ze huelen.
4) D’Regelen zum Anti-Cumul sollte bäigehale ginn an och op hir Effikassitéit hin iwwerpréift ginn.
5) Ausserdeem fuerderen d’CSJ Schüler a Studenten, dass am administrative Beräich gewëssen Ännerungen duerchgefouert ginn, fir eng sécher Planung op der Säit vun de Studenten ze erméiglechen. De Cedies soll den Traitement vum Dossier innerhalb vun 10 jours ouvrables an d’Ausbezuele vun der Bourse an 20 jours ouvrables garantéieren.
6) Mir begréissen, dass all Student weiderhin ee Prêt ënner gënschtege Modalitéiten zur Verfügung steet an dass de Remboursement vu 50 % vun den Aschreiwungsfraise soll bäibehale ginn, an dat dëst bis zu engem Montant vun 3700 € méiglech ass. Par contre, fanne mir dat dëse Plafong net onbedéngt fix si sollt. Et sollte Méiglechkeete bestoe fir, an exzeptionelle Fäll, d’Aschreiwungsfraisen ze iwwerhuelen, obwuel de maximale Montant iwwerschratt ginn ass. Virun allem inkohärent fanne mir dat eise Schoulsystem säit kuerzem “classes préparatoires” fir franséisch Grandes Écoles ubitt, obwuel dës Schoulen net mat 3700 € ze finanzéiere sinn. Vun enger Säit encouragéiert een d’Schüler dëse Wee ze goen, op der anerer Säit mussen d’Studente selwer eng Solutioun fanne fir dës Studien ze bezuelen.
Déi Aart a Weis wei déi nei Regierung mat der Situatioun ëmgeet mécht der CSJ SaS ze schafen. Déi rezent Erspuernisser vum Universitéitsbudget spillen dobäi och eng Roll. Wann ee sech ëm d’Zukunft vum dësem Land a senge jonke Léit suergt, eng wirtschaftlech Diversifikatioun erreeche wëll an dobäi d’sozial Gerechtegkeet an de Virdergrond stellt, da kann an däerf dës Regierung net nom Rasenmäherprinzip an der Bildungspolitik spueren. Dowéinst fuerdere mir d’Regierung op hiren aktuelle Kurs an der Bildungspolitik ze iwwerdenken an op déi räichlech Kritik anzegoen déi net nëmme vun eiser Säit, mee och vu villen anere Studentenorganisatiounen, sou wéi der Universitéit Lëtzebuerg, opbruecht goufen.
Schlussendlech schwätzt sech CSJ als Organisatioun géint dee geplangte Streik de 25. Abrëll aus, well mir engersäits net mat de Fuerderunge vun der UNEL averstane sinn (déi eis absolut net finanzéierbar schéngen) an anerersäits den Dialog am Moment déi méi ugepassten a konstruktiv Form vu Kritik ass.
Haaptfuerderungen/Kritiken vun der CSJ Schüler a Studenten1. De proposéierte Montant de Base vun 2000 € ass an dëser Form net akzeptabel. CSJ Schüler a Studente fuerderen, dat de Montant de Base bei 3000 € ugesidelt gëtt, woubäi 2000 € pauschal ausbezuelt ginn a weider 1000 € ausbezuelt gi wann de Student 80 % vun den ECTS Punkte am Studie-Joer packt. Domat wëllen mir nach eng Kéier dem Student seng Autonomie ënnersträichen genau sou wéi seng individuell Verantwortung a Leeschtung. 2. Et schéngt der CSJ SaS ganz kloer dat den Critère Social ënnert dëser Form op kee Fall bäibehale gi kann. Mir proposéieren dass :
3. CSJ als Organisatioun schwätzt sech géint dee geplangte Streik vum 25. Abrëll aus, well mir engersäits net mat de Fuerderunge vun der UNEL averstane sinn an anerersäits den Dialog am Moment déi méi ugepassten a konstruktiv Form vu Kritik ass. |