Skip to content

PETITIOUN 698 – Verstoen amplaz ze (ver)uerteelen

D‘Petitioun 698 iwwert d’Lëtzebuerger Sprooch, déi Enn August an d‘Chamber eragereecht gouf, zielt mëttlerweil schonn iwwert 13000 Ënnerschrëften. Säit deem maachen sech och Stëmme bemierkbar, déi sech zum Zill gesat hunn eleng d’Existenz vun dëser Petitioun an d’lächerlecht ze zéien, sou wéi och d‘Leit déi se ënnerschriwwen hunn ob eng scho bal grotesk Aart a Weis ze karikaturéieren.

Dës iwwerhieflech an arrogant Astellung dréit der Demokratie am Land net bäi an ass hirer och net wierdeg. Et ass vill méi de Versuch virun engem Debat fortzelafen andeems ee veruerteelt a stigmatiséiert fir esou d’Problematik ze ëmgoen. Et ass un der Zäit datt ee beim Sujet vun der Méisproochegkeet hei am Land sech d’Fro stellt wéi een ee sachlechen an ëffentlechen Debat kéint féiere fir esou d’Gemidder ze berouegen. Wann awer esou ee Prozess net zu stane kënnt, ännert sech näischt a sou wäerten d’Meenungen och weider ausernee goen.

Eng raisonnabel Dosis un Empathie ass elo gefrot. Amplaz datt een d’Leit verdaamt déi hir Ënnerschrëft ënnert d’Petitioun setzen, soll ee vill méi probéieren ze verstoe wat dës Leit motivéiert fir iwwerhaapt eng Petitioun ze ënnerschreiwen, déi fuerdert datt d’Lëtzebuerger Sprooch déi éischt national Sprooch virum Däitschen a Franséische soll ginn. Datt esou vill Leit dës Petitioun ënnerschreiwen, huet bestëmmt och domadder ze dinn datt e Gefill vun Onsécherheet par Rapport zu Lëtzebuerger Sprooch besteet. Se gesinn hir Sprooch a Gefor. „Wann haut näischt ënnerholl gëtt fir d’Lëtzebuerger Sprooch ze erhalen, stierft se“, huet de Lucien Welter zur Petitioun deklaréiert. Ob déi Onsécherheet faktesch gerechtfertegt ass oder net, sou ass awer d’Perceptioun dervu reell.

An den Ae vun der CSJ, muss een de Kär vun der Saach upaken. Net fir ze ënnerdrécken an esou de Populisten Opdriff ze ginn, ma andeems een d‘Saach eescht hëlt. D’Qualitéit vum Debat dee gefouert sollt ginn, muss op mannst grad esou wichteg sinn ewéi säin Inhalt. D’CSJ bekennt sech kloer dozou d’Lëtzebuerger Sprooch als Integratiouns- a Kommunikatiounssprooch wéi och d’Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg ze fërderen. D’Asetze fir d’Opwäertung vum Lëtzebuergeschen bedeit net automatesch, dass déi aner Sprooche sollen ausgeschloss ginn. D’Medien, déi politesch Acteuren an d’zivil Gesellschaft mussen heibäi Hand an Hand doru schaffe fir nei Methoden ze fannen, wéi een deen ëffentlechen Debat kéint féieren. Esou kéint een op eng objektiv Aart a Weis erkläre wéi wäit déi aktuell sproochlech Situatioun dem Räichtum vum Land bäidréit andeems een awer och net vergësst bäi deem Debat jiddereen zu Sprooch kommen ze loossen.

[dt_button link=”” target_blank=”false” button_alignment=”default” animation=”fadeIn” size=”medium” style=”link” text_color_style=”context” text_hover_color_style=”accent” icon=”fa fa-chevron-circle-right” icon_align=”left”]Dëse Communiqué eroflueden (LU, DE & FR)[/dt_button]

Positioune vun der CSJ zur Lëtzebuerger Sprooch fannt dir an den [dt_button link=”” target_blank=”false” button_alignment=”default” animation=”fadeIn” size=”medium” style=”link” text_color_style=”context” text_hover_color_style=”accent” icon=”fa fa-chevron-circle-right” icon_align=”left”]Downloads[/dt_button]