Skip to content

CSJ-Nationalkongress 2015

Den 21. Mäerz 2015 haat d’CSJ hire Nationalkongress zu Dikrech. De Kongress huet des Kéier een Dag gedauert (vun 9:30 bis 17:00) an d’CSJ Norden huet fir Iessen a Gedrenks gesuergt. Der CSJ Norden en decke Merci fir déi super Organisatioun.

Niewt enger Statutereform vun der CSJ, sinn och 9 Resolutiounen diskutéiert a gestëmmt ginn. Villmools Merci jidderengem fir dee fairen Débat a virun allem de Bezierker an den Aarbechtsgruppen déi des Resolutiounen virbereed hunn.

D’CSJ huet op desem Kongress och Stellung geholl zu dem Rapport “Perspektiven” (CSJ-Resolutioun).

Déi aner Resolutiounen an d’Statuten fannt dir demnächst op eisem Site. (Rubrik Aktualitéit – Downloads)