Äddi Luss

An dëse Stonne voller Leed an Trauer ëm hire léiwe Verstuerwenen, onse Frënd, Deputéierten an CSV-Fraktiounspresident, de Lucien Thiel kënne sech seng Fra, seng Kanner an seng ganz Famill dem Matgefill a Bäileed vun der Chrëschtlech Sozialer Jugend sécher sinn! D’CSJ wäert de Luss als ee groussen Deputéierten, häerzensgudde Mensch a virun allem wertvollen Ënnerstëtzer…

Details

Journée de Réflexion

E Samschden, de 6. August, hat d’CSJ hir Journée de Réflexion um Stau, wou d’Thema Logement kontrovers debatéiert ginn ass. De Minister fir nohalteg Entwëcklung, Claude Wiseler, huet mat den CSJ’ler iwwer d’Erausfuerderungen an d’Zukunft vun der Transportpolitik diskutéiert.

Jux-Fussballs-Tournoi

D’CSJ Kanton Réimech hat den 2. Juli zesumme mam Club des Jeunes vu Bous e Jux-Fussballs-Tournoi organiséiert! Fir déi éischt Editioun hunn direkt 16 Equipen deelgeholl, déi verspreet aus dem ganzen Land komm sinn. Gewonne gouf den Tournoi vun der Equipe FC Independence 75!