Skip to content

CSJ Talk – An 10 Joer 100% erneierbar Energiequelle fir Lëtzebuerg?

Hei kënns du direkt bei den Umeldungsformulaire ⤵️

Am Kader vun eiser Serie CSJ TALK, invitéiere mir dech ganz häerzlech op eist nächst Event:

Mëttwochs, den 23. November 2022
um 19h00 am Silversquare
(21, rue Glesener, L-1631 Lëtzebuerg)

Mat dësem Thema:

Ka Lëtzebuerg an 10 Joer op 100% erneierbar Energiequellen ëmklammen?

D’Fro ass natierlech ambitiéis, ma mir wäerten dëst Thema mat eisem Panel vu Politiker, Experten an Entrepreneuren diskutéieren, fir erauszefanne wéi mir d’Energietransitioun hei am Land acceleréiere kënnen.

Eise Panel setzt sech aus folgende Persounen zesummen:

  • PAUL GALLES
    CSV Deputéierten a Vertrieder vum Lëtzebuerger Parlament op der COP27
  • PAUL ZEIMET
    Direkter vu Soler, dem gréisste Bedreiwer vu Wandrieder zu Lëtzebuerg
  • PHILLIP DALE
    Professer fir alternativ Energien op der Uni Lëtzebuerg
  • GASTON TRAUFFLER
    Vertrieder vun der FEDIL an zoustänneg fir Energiefroen
  • FENN FABER
    Direkter vun der nationaler KLIMA AGENCE 

Nom Talk gëtt et nach d’Méiglechkeet sech bei bei engem klengen Drink auszetauschen.

Aus organisatoresche Grënn biede mir dech, den Umeldungsformulaire op eisem Site auszefëllen. Mell dech wgl. och u wann s du nach net ganz sécher bass. Zéck net dës Invitatioun och un deng Famill / Kolleegen / asw. weiderzeleeden.