Skip to content

Zäit fir Erneierung bei der CSJ

Den 2. Mäerz 2024, war den CSJ Nationalkongress am Centre Culturel “An Huef” zu Weiler-la-Tour.

Virun den Europawalen, war dëst e ganz wichtege Kongress fir eis, well mir ënnert anerem en neien CSJ Nationalcomité gewielt hunn. Et war do dernieft awer och eng flott Geleeënheet fir eis, dat lescht Joer Revue passéieren ze loossen a mat frëschem Elan an d’Europwalen ze starten. 

De Metty Steinmetz an de Laurent Braun goufe mat 98% vun de Stëmmen zum neien CSJ President, respektiv Generalsekretär gewielt. 

Hinnen zur Säit stinn Marie Laure Goeres als 1. Vize-Presidentin an d’Sarah Moreira als 2. Vize-Presidentin. 

Den neie Comité an hir Prioritéite fannt dir an eisem Communiqué de Presse

vu lénks no riets: Metty Steinmetz, Sarah Moreira, Marie Laure Goeres, Lauren Braun