Skip to content

Firwat den 8. Oktober CSV wielen.

🏬 Fir méi Logement ze schafen, de Wunnengsmarché erëm ze beliewen a fir Éischtkeefer de Kaaf mei einfach ze maachen.

Aktuell gëtt et beim Verkaf vu Wunnengen en Abroch vu 90% a parallel dozou ginn d’Loyeren duerch de Plaffong, well d’Offer wäit ënnert der Demande läit.

Fir méi erneierbar Energie zu Lëtzebuerg ze produzéieren andeems d’Prozedure fir den Ausbau verinfacht ginn. Mir mussen an deenen nächsten 10 Joer eis Proportioun vun erneierbaren Energië par Rapport zur Gesamtconsommatioun vervéierfachen.

Lëtzebuerg ass am europäesche Verglach Schlussliicht am Ausbau vun alternativen Energië mat nëmmen 11,7% (Eurostat, 2021).

📑 Fir Beruffsufänger wärend den éischten 3 Joer geziilt steierlech ze entlaaschten

An de leschten 10 Joer ass d’Liewen duerch Steiererhéijunge vun der Regierung (Erhéijung TVA) an déi aktuell Inflatioun vill méi deier ginn.

🚌 Fir e prakteschen ëffentlechen Transport mat deem een net nëmmen an d’Schoul oder op d’Aarbecht fuere kann, mee op deen een och an der Fräizäit ziele kann.

Besonnesch am ländleche Raum, bleiwe verschidde Plazen net gutt ugebonnen, an d’Schoulbusser geroden oft a Verspéidung.

📚 Fir eng zäitgeméiss ëffentlech Schoul duerch Fërderung vun de Skills vum 21. Joerhonnert amplaz reng Wëssensvermëttlung an eng Neiausriichtung vum Sproochenunterrecht mat méi Flexibilitéit a méi Choix fir d’Schüler.

An de leschten 10 Joer ass d’ëffentlech Schoul zerstéckelt ginn an d’Ongläichheeten hunn sech weider verstäerkt (Bildungsrapport, 2021).

🚔 Fir méi Sécherheet duerch Police-Presenz a Kameraen op kritesche Plazen.

Och wa Lëtzebuerg e relativ séchert Land ass, esou sinn d’Infraktiounen tëschent 2021 an 2022 vun 42 785 op 54 552 geklommen (Police Luxembourg, 2023).