Visite an der Chamber

Déi jonk Deputéierte Serge Wilmes an Tessy Scholtes hunn de ronn 40 interesséierte CSJ-Memberen d’Geschicht vun dëser Institutioun, ewéi och alles rondrëm de Funktionnement am Alldag méi no bruecht. De Chamberpresident Laurent Mosar huet et sech awer och net huele gelooss déi Jonk häerzlech bei sech „doheem” ze begréissen.

Forum

D’Exekutiv vun der CSJ huet sech mat Vertrieder vun de Sektiounen a Bezierker getraff. Zesumme gouf iwwer d’Situatioun vun der CSJ, iwwer organisatoresch Froen an iwwer eis thematesch Prioritéite geschwat.

Reform oder keng Reform?

Wéinst der grousser Opreegung iwwert d’Edukatiounsreform huet d’CSJ sech op enger Pressekonferenz, a Persoun vum President Serge Wilmes an der Presidentin vum CSJ- Edukatiounsaarbechtsgrupp Claudine Bemtgem, mat engem Zwëscheruff zu Wuert gemellt. Sou ass fir eis kloer, datt eng Schoulreform néideg ass, wa mir de Jonken hei am Land weiderhin déi beschtméiglechst Zukunftsperspektive bidde wëllen.…

Details