Stand op der Porte ouverte

D’Porte ouverte vum Haff war e groussen Erfolleg.  D’CSJler hate dunn och de ganzen Dag all Hänn voll ze dinn. E grousse Deel vun de Recette wäert dann awer fir e gudde Zweck gespennt ginn. A nieft verschiddene lokale Politiker hat sech och den een oder aneren aus der nationaler an Europapolitik ënnert d’Leit gemescht.…

Details

Grënnung CSJ

Nieft Käl-Téiteng ass et Wolz, wou sech elo am Juni engagéiert CSJler zesummfonnt hunn, fir eng nei Jugendsektioun ze grënnen a sech an de näschte Joeren fir déi Jonk an hirer Gemeng staark maaache wëllen. Ugefouert gëtt déi nei Equipe vum Georges Bley (President). Sekretär ass de Pit Hetting. Wëll dann awer och de Spaass…

Details

E klenge Réckbléck: Konferenz “Europa am 21. Joerhonnert”

Eng kleng Delegatioun vu CSJ-Memberen (Christophe Hansen, Christian Gelijk, Pino Scalise, Patrick Fischbach a Julie Wieclawski) hat d’Éier en 18. Mee un der internationaler Konferenz “Europa am 21. Joerhonnert” deelzehuelen.  Politesch Gréissten wéi de Michail Gorbatschow, Michel Rocard oder d’Viviane Reding hunn iwwert d’Roll, d’Zukunft an d’Potential vun Europa debattéiert.

Details

CSJ Grënnung

“An eiser Famill gëtt diskutéiert, et kann ëmmer ëm d’Saach an am géigesäitege Respekt gestridde ginn”, sou de Jean Weiler, Sekretär vun der CSV Käl-Téiteng, en 18. Juni op der Grënnungsversammlung vun der lokaler CSJ Sektioun. D’CSJ wär do fir hir eege Meenung ze soen an an der CSV wär e frou nees eng  Jugendsektioun…

Details

Wéi eng Mobilitéit fir eist Land?

“Dofir fuerdert CSJ:

  •  déi séier Realiséierung vun de Peripherie-Gare ronderëm d’Stad Lëtzebuerg  (Zéisseng, Houwald, Dummeldeng, Kierchbierg) an d’Vernetzung vun deene Gare mat Bussen an Tramlinnen.”

Dëst hate mir 2009 an eisem Iddeeëkatalog fir d’Wahle geschriwwen. Mir freen eis dofir, nom Debat vum 14. Juni an der Chamber, datt et esou ausgesäit, wéi wa de Projet vum Tram definitiv vun enger ganz grousser Majoritéit gedroe gëtt. Besonnesch freë mir eis, datt en, sou wéi et och onbedéngt neideg ass, an eng global a gutt duerchduerchte Verkéiersstrategie “MoDu” agebonnen ass.

Details

Stand zu Munneref

D’CSJ Kanton Réimech war dëst Joer erëm zesumme mat der CSV Mondorf um Stroossemaart zu Munneref vertrueden. Duerch dat sonnegt Wieder war et och dës Kéier nees e groussen Erfolleg an d’CSJ huet fläisseg Sangria, Quiche Lorraine an Uebstzalot verkaaft.