Agenda
- Agape vun der CSV Süden
10. Februar 2010 (19:00) - CSJ Norden meets Jonker
27. Februar 2010 (19:00) - Relais pour la vie
06. März 2010 (19:00) - Relais pour la vie
07. März 2010 (20:00)
Buchtipp

Imprimerie Saint Paul, 19€
An alle gudde Librairieën ze kafen.
Hei fënns du all d'Informatiounen.
D'CSJ ass flott! Klick hei a lies firwat.
Sonndes, 24 Januar 2010 14:35
Mat Schrecken a groussem Entsetzen huet eis d'Noriicht vun der Schleissung vun der Dikrecher Brauerei getraff. Niewent deene villen Aarbechtsplazen déi verluer ginn, verléiert Lëtzebuerger Land an zemools Stad Dikrech en Traditiounsbetrib. Den Ursprong vun der Brauerei ass op d'Joer 1724 zréckzeféieren. Am Joer 1871 huet d'Brasserie de Diekirch (Brasserie par Action Diekirch) d'Braue vum Béier zu Dikrech iwwerholl. Um Enn vum 19ten Jorhonnert huet Dikrecher Brauerei ëm déi 4 Millioune Liter Béier pro Joer produzéiert. 1930 ass déi nei Brasserie de Diekirch niewent der Gare ageweit ginn, a war déi éischt Brauerei am Lëtzebuerger Land déi industriell Béier produzéiert huet. Ufanks der 50eger Jore verkeeft Dikrecher Brauerei iwwert 12 Millioune Liter Béier pro Joer. D'Brasserie de Luxembourg Mousel-Diekirch s. a. ass am Joer 2000 gegrënnt ginn. Am Joer 2002 huet de belge Group Interbew, elo AB InBew, d'Aktivitéite vun der Brasserie de Luxembourg iwwerholl wat eis elo zum Verhängnis ginn ass. Säit 2005 bitt d'Brasserie du Luxembourg vill national awer och international Béiermarken un, wei Dikrecher, Mousel, Leffe, Beck's, Stella Artois, Hoegaarden, Belle-Vue, Jupiler an Super-Bock. Laut dem verëffentleche Communiqué ass ënner anerem de Kaf vum Dikrecher Béier an deene leschte Joren zeréckgaangen an d'Verbraucherverhalen huet sech verännert. De Lëtzebuerger Béiermaart hätt tëscht 2003 an 2008 ëm ongeféier 8% ofgeholl, déi lokal Béierzorten souguer ëm ganzer 17%. Et muss een awer erwähnen, dass d'Brasserie du Luxembourg an deene leschte Joren nach ëmmer Benefice gemaach huet, geet et elo wierklech dorëms een Traditiounsbetrib zouzemaachenn domatt een am Ausland nach méi Benefice maache kann? Ass dat déi nei Philosophie vun de Betriber an dem Lëtzebuerger Land? Vu que dat den Dikrecher Béier an Zukunft zu "Jupille" an zu "Leuven" gebraut soll ginn, froe mir eis op een dee Béier da weiderhin Dikrecher nenne soll oder op de Numm geännert muss ginn. Doriwwer eraus ass et interessant ze wëssen op d'Leit an Zukunft belgeschen Dikrecher Béier drénke wäerten. Zum Schluss bleift eis just nach ze soen dat mat der Schleissung vun der Dikrecher Brauerei ee Stéck vun der Dikrecher Identitéit verluer geet, wat eisen Aen no immens schlëmm an onverantwortlech ass.Matgedeelt vun der CSJ-Nordstad an der CSJ-Norden
Georges Weber, CSJ Generalsekretär: Den CSJ Nationalcomité schléisst sech dësem Message un, wëll och un all déi aner Leit erënneren, déi während a wéinst der Kris hier Aarbecht verluer hunn oder hu missen an Form vun Kuerzaarbecht schaffen.
Mir wëllen awer virun allem och op d'Mëssstänn hiweisen, dass international Betriber regelrecht vun dëser Krise profitéiert hunn, an och nach weiderhi profitéieren fir hir Betriber ëmzestrukturéieren, an dat op Käschte vun ville Leit déi zu Lëtzebuerg an och soss an der Welt duerch esou Filialen eng Aarbecht haten.
Et däerf en ni vergiessen dass hannert all Aarbecht di verluer geet Mënschen a Schicksaler stinn.
Mëttwochs, 02 Dezember 2009 18:50
De CSJ Nationalpresident Serge Wilmes hat d'Méiglechkeet um RTL an der Emissioun "eng fräi politesch Tribün" genotzt, fir op d'Thema vum Jugendparlament zeréckzegräifen. D'Ried fannt dir als Annexe!
Weider liesen: Eng fräi politesch Tribün vum Serge Wilmes, CSJ-Nationalpresident, op RTL Radio
Méindes, 23 November 2009 14:55
Mat Freed dierfe mir all eis CSJ Memberen op eng Wäiprouff an der Kellerei Duhr invitéieren, déi vun eiser CSJ Kanton Miersch organiséiert get. Den Evenement ass fir den 11. Dezember ze Ohn geplangt, wou et dann um 18h 45 bäi der Kellerei Duhr lass geet. No der Degustatioun(géint 21h00) geet et gemittlech an de Restaurant "Beim klenge Wum", wou een sech dann nach e mol schéin zesumme setze kann an den Owend bäi engem gudden Iessen (wat jidderee fir sech selwer bezilt) ausklénge léisst.
Fir Reservatioune biede mir Iech sech un den Dës Email-Adress gëtt viru Spam-Bots geschützt; Du brauchs JavaScript fir se ze gesinn ze adresséieren, dee är Reservatioune gären entgéint hellt. Mir hoffen natierlech dass den Interessi grouss ass, a freeën eis schon elo op en schéinen Owend.
Freides, 20 November 2009 11:19
Den 19 November 2009 an Europa geet eng néi Zäitgeschicht un.
Weichen vir Zukunft vun Europa si gestallt an zwee Posten voller Verantwortung vir Europa si verdeelt.
EU-Präsident Herman van Rompuy, Ausseministerin Catherine Ashton, och wann vill Leit di Wahl net verstinn, esou hunn och si zwee eng Chance verdéngt! Hale mir hier Aarbecht di nächst 2 an en halleft Joer (aller eicht Amtszäit) ganz kritesch am A, an zéien dann eréicht Konklusiounen. Alles anescht bréngt Europa net virun! An dem Sënn wënscht d'CSJ hinnen zwee eng glécklech Hand a vill Fäigefill fir Zukunft an kann nëmmen hoffen dass si dat bescht am Sënn vir Europa an d'Welt maachen an de Sozialen Charakter als Pflicht ugesinn...
Weider liesen...
Säit 1 vun 7






