Skip to content

Flexibel. Liewenswaert. Nohalteg.

10 Punkteplang eroflueden

Den 30. August hat d’CSJ d’Vertrieder vun der Press op d’Presentatioun vun hirem 10 Punkteplang fir d’Gemengewahlen an de Scoutschalet vun der FNEL invitéiert. Bei dëser Geleenheet gouf och de Wahlspot virgestallt.

D’CSJ-Nationalpresidentin Elisabeth Margue ass an hirem Virwuert op d’Aarbecht um Programm an de leschten 12 Méint agaangen. Am Oktober 2016 hat d’CSJ eng Hierschtakademie organiséiert, fir d’Gemengewahlen ze lancéieren a mat hire Memberen déi éischt Iddien zesummenzesichen. Vill Iddien vun dësem Dag zu Huelmes sinn an den nächste Méint opgegraff ginn. Während der Klausur vum Nationalcomité am Juni sinn déi Iddie finaliséiert ginn a sinn an de Wahlprogramm agefloss. D’Basis vun dësem Wahlprogramm waren awer déi sëlleg Resolutiounen, déi um Nationalkongress zu Beetebuerg ugeholl goufen, mat deenen d’CSJ d’Gemeng vum 21. Jorhonnert forme wëll. Dohir dréit de Wahlprogramm vun der CSJ den Titel “Flexibel. Lieweg. Nohalteg.”.

Während der Presentatioun vum 10 Punkteplang sinn, nieft dem Elisabeth Margue, nach de Vize-President Christophe Origer, de Generalsekretär Yannick Glod, d’Tresorière Françoise Kemp an den Escher Gemengeconseiller Christian Weis op déi eenzel Punkten agaangen. Den 10 Punkteplang kënnt dir hei eroflueden.

No der Presentatioun vum 10 Punkteplang huet de Vize-President Alex Donnersbach de Wahlspot vun der CSJ virgestallt. Dëse Video gouf mat enger Rëtsch Jugendkandidaten zu Esch/Belval gedréint. E Site, deen dat aalt an neit Lëtzebuerg verkierpert wéi keen zweeten. Außerdem konnt den Alex Donnersbach vermellen, dass méi ewéi 100 Jugendkandidaten mat enger CSV-Parteikaart den 8. Oktober an d’Course ginn. Fir dës Kandidaten zesummenzesichen hat de viregten Nationalcomité ënnert dem President Charel Hurt schonn e Sondage bei senge Membere gemaach.

Den CSJ-Wahlspot fir d’Gemengewahle kënnt dir iech hei op der Homepage op onser Facebook Säit oder op eisem YouTube-Channel ukucken.