Skip to content

Invitatioun CSJ Nationalkongress – 8. Dezember zu Dummeldeng

Den 8. Dezember ass den CSJ-Nationalkongress am Centre sociétaire et culturel “Drescherhaus” zu Dummeldeng – 26A, rue du Château L-1329 Lux.-Dommeldange.

Wéi et eis Statute no enger Chamberwahl virgesinn, gëtt den CSJ-Nationalcomité op dësem Kongress nei gewielt.

All weider wichteg Dokumenter fir de Kongress fannt dir op dëser Säit. Wann dir Froen hutt, kënnt dir se gären un csj@csj.lu schécken.

Ordre du Jour


Mam ëffentlechen Transport op Dummeldeng

  • Zuch: d’Gare vun Dummeldeng ass 5 Minutte fort
  • Bus: Linnen 23 (Arrêt Château), 25 (Arrêt Sidney Tomas)

Weider Informatiounen op www.mobilitéit.lu oder an der Mobilitéit-App

  • Ween awer mam Auto muss kommen ass gebieden bei der Dummeldenger Gare ze parken. Beim Drescherhaus selwer si keng Parkplazen.

Amendementer

Et kënne just Amendementer zu Texter eragereecht ginn déi nach net gestëmmt sinn. En Amendement kann eng Resolutioun completéieren & verbesseren oder souguer ganz sträichen. Natirlech dierf en Amendent awer net de Prinizip vun enger Resolutioun komplett änneren. (CSJ Statuten Artikel 89)

D’Amendementer kënne bis Freides, den 7. Dezember un csj@csj.lu erageschéckt ginn. Se kënnen awer och den Dag selwer um Kongress schrëftlech beim Kongressbureau hannerluecht ginn. De Kongressbüro kann och um Kongress selwer op Basis vun den Diskussiounen nach Ännerungen ausformuléieren.

Et ass net néideg en Amendement fir d’Schreiffeeler eranzereechen. Déi final mise en page gëtt nom Kongress gemaach, wann d’Texter definitiv gestëmmt sinn.

Wann dir en Amendement schrëftlech erareecht, gitt bei de Resolutioune w.e.g. d’Linnenzuel an och d’Säit un.

Resolutiounen

Hei fannt dir d’Resolutiounen déi zur Ofstëmmung stinn.

Resolutioun “Halte aux dechets plastiques”

Resolutioun “Woufir mir stinn? Oppe, sozial a responsabel”

Resolutioun “Opbroch an Erneierung”