Skip to content

Digital Wirtschaft

Eis Welt duerchlieft een digitale Wandel. Jonk Entrepreneuren huelen sech der Aufgab un fir bestoend Strukturen ze digitaliséieren oder néi Mäert ze schafen. Si sinn mat Hëllef vun néien Technologien ob der Sich no engem Business Modell deen vervillfältegbar ass. Schonn haut kënne mer eis an een Auto setzen deen mat Hëllef vu “Computer Vision” an kënschtlecher Intelligenz fiert. Dass dëst ee groussen Defi mat sech bréngt leit ob der Hand. Historiker gesinn an all deem vill Parallelen zur Industrialiséierung am 19. Joerhonnert. Och deemools war d’Angscht bei de Léit grouss wat als Nächstes kennt a wat fir een Afloss dëst ob den Alldag wäert hunn.

Elleng dass eist Grondrecht ob Selwerbestëmmung um Internet vernoléissegt gëtt ass Villen net richteg bewosst – ee Medium deen awer zu Lëtzebuerg vu quasi jidderengem am Alter tëschent 16 an 24 Joer benotzt gëtt.

Am Aarbechtsgrupp diskutéiere mir iwwert d’Virdeeler a Nodeeler vun der Digitaliséierung. Wéi eng Schrëtt muss een huelen fir seng Bierger ze schützen, gläichzäiteg awer als Land kompetitiv ze bleiwen an eng gesond Basis fir de Fortschrëtt an d’Fuerschung ze bidden.

Christophe Anthon, Responsabel AG “Digital Wirtschaft”
Kontakt: csj@csj.lu