Skip to content

#ZukunftAssElo

Firwat mir eis an enger CSJ engagéieren?

Mir wëllen eng Gesellschaft, déi vun engem mënschlechen a frëndlechen Zesummeliewe gepräägt ass. Wou jidder Eenzele säi vollt Potenzial kann entfalen. Mir wëllen eng Gesellschaft, wou mir solidaresch mateneen ëmginn a jiddereen, deem et emol net esou gutt geet, eng Hand fënnt, déi him hëlleft. Wou hien Halt, Hoffnung an nei Zouversiicht fënnt. Mir wëllen eng Gesellschaft, wou och jidderee seng Verantwortung wouer hëlt an e gerechte Bäitrag fir d’Allgemengwuel leescht. Mir wëllen eng Gesellschaft, wou mir selwer iwwert eist Liewe bestëmme kënnen a politesch Entscheedunge méiglechst no um eenzelen Bierger geholl ginn. Eng Gesellschaft, wou sech eis Wirtschaft am Respekt vum Mënsch an der Ëmwelt weiderentwéckelt, wou Aarbecht e Recht bleift a Leeschtung an Innovatioun ënnerstëtzt ginn.

All dëst wëlle mir erreechen. Datt dëst alles och méiglech ass, dofir si mir op Basis vun eise chrëschtlech-soziale Grondwäerter fest iwwerzeegt. Eng besser a méi human Welt ass méiglech. Mä dës Verbesserunge wäerten net vun eleng kommen. Mir mussen eis schonns selwer fir déi Gesellschaft an déi Welt, an där mir eis wënschen ze liewen, asetzen.

Andeem’s mir der CSJ bäigetruede sinn, hu mir eis dofir entscheet, an enger Partei, déi eisen Iwwerzeegungen entsprécht, Politik aktiv matzegestalten. Politik gestalten heescht no bei de Bierger sinn, Zäit an en oppent Ouer fir se hunn. Et heescht awer ganz besonnesch och de gesetzleche Kader ze beaflossen, andeem sech eis Gesellschaft an domadder och eist deeglecht Liewen ofspillt. Politik kann hei Léisunge fir ganz konkret Problemer vun de Mënschen bréngen an esou op hir Suergen an Uleies agoen.

Als Membere vun der CSJ schaffe mir dofir zesumme Positiounen aus, déi mir an eiser Mammepartei (CSV) an an der Ëffentlechkeet vertrieden. Et ass eisen Usproch un eis selwer, datt mir dat fundéiert op Basis vun eisem politesche Leitmotiv:“Oppe, sozial a responsabel“ maachen. Mir treffen eis reegelméisseg ënner Jonken, awer och an der CSV, fir Informatiounen an Iddien auszetauschen. Mir diskutéiere kontrovers a streiden och mol, awer am géigesäitegem Respekt. Mir organiséieren Aktivitéiten – vun themateschen Akademien a Konferenze bis hin zu Fester a Stänn.

An der Partei hu mir als Jonker d’Recht eis eege Meenung ze vertrieden. Mir hunn d’Recht eege Virschléi an alle Gremie vun der Partei ofstëmmen ze loossen a sinn och an dëse Gremie selwer vertrueden. Wat awer den Ënnerscheed mécht, sinn net eis Rechter um Pabeier, mä eis eege Motivatioun, eisen Asaz an och, besonnesch wann et ënnerschiddlech Positiounen an der Partei gëtt, eise Courage fir fir eis Iwwerzeegungen ze kämpfen. Ween deemno dovunner iwwerzeegt ass, datt et op hien oder op den Eenzelen net ukënnt, ass am Onrecht. Politik gëtt vu Mënsche gemaach! Firwat net vun dir?

Hues du d’Passioun, dech fir d’Wuel vun denge Matbierger anzesetzen? Méchs du dir Gedanken, wéi Lëtzebuerg sech an d’Zukunft weiderentwéckele soll? Ass fir dech eng Kultur vum géigesäitege Respekt an Teamgeescht wichteg? Dëst sinn déi dräi grouss Viraussetzungen, déi fir eis an der CSJ wichteg sinn. All déi aner wäertvoll Kompetenzen an dat néidegt Wëssen entwéckele mir all zesummen am Laf vun eisem politeschen Engagement weider. Dëst duerch geziilte Weiderbildungen a Fërderprogramme vun der Partei, awer och einfach duerch eist aktiivt Matschaffen a “Learning by doing”.

Friddlech Verännerungen am Sënn vun de Mënschen, déi och laang Bestand hunn, geschéien net vun haut op muer. Se sinn oft e Resultat vu permanente klenge Schrëtt no vir, ganz no eisem Handlungsvirsaz: “Fortschrëtt duerch Evolutioun” (net Revolutioun). Esou kucke mir ganz optimistesch an d’Zukunft, op déi vill Chancen, déi do sinn an op déi Welt, déi méiglech ass.

Dofir wëlle mir elo Verantwortung iwwerhuele fir eist Liewe vun haut a muer matzebestëmmen.

#ZukunftAssElo

[dt_button link=”http://csv.lu/member-ginn/” target_blank=”false” button_alignment=”default” animation=”none” size=”medium” style=”default” bg_color_style=”default” bg_hover_color_style=”default” text_color_style=”default” text_hover_color_style=”default” icon=”fa fa-chevron-circle-right” icon_align=”left”]Member ginn[/dt_button] (Formulaire op csv.lu)