Skip to content

CSJ-Nationalkongress 2015

Den 21. Mäerz: Häerzlech wëllkomm zu Dikrech!

Den 21. Mäerz ass de CSJ-Nationalkongress zu Dikrech am Lycée Classique Diekirch (ancien bâtiment)32, av. de la Gare. Am Mëttelpunkt steht besonnesch d’Erneierungsdiskussioun an der Partei awer och d’Referenden. Da sinn och eng Rei weider Resolutiounen erakomm.

Déi gutt gefëllten Dagesuerdnung fannt dir hei:

(d’Aktivitéitsrapporte fir de Kongress si nach an Aarbecht).

All weider wichteg Dokumenter fir de Kongress fannt dir op dëser Säit. Wann dir Froen hutt, kënnt dir se gären un csj@csj.lu schécken oder als Kommentar ënnen op der Säit schreiwen.

CSJ_Stau_B01

 


 

A punkto Amendementer

Bei den Dokumenter alleguerte gëllt: Falls dir wëllt Amendementer maachen, sollen déi iwwert d’Sträichen oder Verbesserunge vum Inhalt vum Dokument goen. Amendementer kënnen natierlech och just iwwert déi Texter hei goen, déi nach net ofgestëmmt sinn – heescht Positiounen, déi vu Kongresser vun de leschte Joeren ugeholl goufen, kënnen net amendéiert ginn. Amendementer däerfen natierlech och de Prinzip vun enger Resolutioun net komplett änneren.

Weist d’Schreiffeeler roueg un! Mä dofir ass awer keen Amendement néideg. Wat déi final Mise en page ugeet, gëtt déi nom Kongress gemaach, wann d’Texter definitiv sinn.

Amendementer kënne bis den 20. Mäerz schrëftlech un csj@csj.lu geschéckt ginn. Se kënnen awer och um Kongress schrëftlech beim Kongressbüro hannerluecht ginn. De Kongressbüro kann och um Kongress selwer op Basis vun de Diskussiounen nach Ännerungen ausformuléieren.

Wann dir en Amendement schrëftlech erareecht, gitt bei de Statute w.e.g. den Artikel an d’Säit, bei de Resolutioune w.e.g. d’Linnenzuel an och d’Säit un.


 

Statutereform

D’Statute vun der CSJ sinn elo gutt 14 Joer al. An de leschte Joere gouf et awer ëmmer nees Situatiounen, wou d’Praxis wéinst der Realitéit um Terrain an der CSJ net ëmmer mat de Statuten an Aklang waren. Eng Rei Froe fanne bis elo och keng kloer Äntwert an de Statuten. Och entspriechen verschidden Statutendispositiounen net de Fuerderungen aus dem Dokument “Mir wëlle méi”, wat lescht Joer um CSJ-Nationalkongress ugeholl ginn ass.

Weider Dokumenter zum Thema:

 


 

Positioun zum Dokument “Perspektiven”

Um CSJ-Kongress 2014 hu mir d’Dokument “Mir wëlle méi” ugeholl, wou mir festgehal hunn, wéi mir eis eis Partei an der Zukunft virstellen a wou mir Punkte willte verbesseren: bei eis an der CSJ an an der CSV. Kuerz drop ass um CSV-Nationalkongress 2014 eng Resolutioun ugeholl ginn, déi d’Zil virginn huet, fir d’Partei nei opzestellen an do, wou et néideg ass Verbesserungen unzegoen. No den Europawahlen 2014 huet de Prozess an der Partei richteg ugefaang. De Marc Thewes an de Marc Glesener si beoptragt ginn op Basis vu Gespréicher mat Parteimemberen, Vertrieder vun de Bezierker an Ënnerorganisatiounen eng Analyse ze maachen a Verbesserungspisten opzezeechnen. Am Januar ass d’Dokument der Ëffentlechkeet presentéiert ginn.  All Memberen, Bezierker an Ënnerorganisatiounen sinn dunn vun der Partei gefrot ginn, fir eng Stellungnahm zum Dokument ze huelen.

Weider Dokumenter zum Thema:

 


 

Resolutiounen

Verschidden Aarbechtsgruppen a Gremien hunn zousätzlech dozou Resolutioune proposéiert.

 

1. Thema Referendum

Vum Nationalcomité gouf eng Resolutioun zur Fro vun der Aschränkung vun der Mandatsdauer vun de Regierungsmemberen eragereecht:

Vun der Aarbechtsgrupp “Justiz” gouf eng Resolutioun allgemeng zum Referendum an eng iwwerschaffte Positioun zu der Fro vum Auslännerwahlrecht eragereecht:

Weider Dokumenter zum Thema:

 

2. Thema Integratioun a Sprooch

Am Kontext vun der Integratioun an de Sproochefroen huet d’Aarbechtsgrupp “Integratioun a Partizipatioun” Resolutiounen eragereecht:

Weider Dokumenter zum Thema:

 

3. Thema Relioun

D’Aarbechtsgrupp “Integratioun a Partizipatioun” huet eng Resolutioun zum Thema vum Reliounenunterrecht eragereecht:

 

4. Thema Gemengefinanzen

D’CSJ Zentrum huet eng Resolutioun zum Thema vun de Gemengefinanzen eragereecht:

Weider Dokumenter zum Thema:

 

5. Thema Kultur

D’CSJ Norden huet eng Resolutioun zum Thema Förderung vum Theater bei engem jonke Publikum eragereecht:

 

6. Thema Transgender

D’CSJ Süden huet eng Resolutioun zum Thema Transgender eragereecht:

Weider Dokumenter zum Thema:

 

CSJ_Oppe sozial responsabel