Skip to content

DE MINISTER HAAGEN ASS GEFUERDERT SENG VERANTWORTUNG AM INTERESSI VUM PATIENT ZE HUELEN.

Mir bedaueren extrem, datt s’Verhandlungen zum Remboursement vu Psychotherapeuten tëscht der CNS an der FAPSYLUX no 2019 eng weider Kéier gescheitert sinn.

Säit 2017 (5 Joer!) si béid Acteuren um Verhandlungsdësch. Am Februar 2021 huet de Minister Schneider e réglement grand-ducal abruecht fir d’Relatioun tëscht der CNS an der FAPSYLUX ze reegelen.

Fir eis steet de Mënsch am Mëttelpunkt an domat och seng mental Gesondheet. D’Pandemie huet verstäerkt gewisen, wéi e Stellewäert dëst Thema fir eis Gesellschaft huet. Villes gouf versprach, mee e Remboursement vum Psychotherapeut ass nach ëmmer net méiglech.

T’ass frustrant ze gesinn, datt Leit déi op therapeutesch Hëllef ugewise sinn, weider eleng vir hier Therapiekäschte mussen opkommen.

Als CSJ hunn mir dofir dräi konkret Fuerderungen:

  1. De ministre de tutelle, Claude Haagen, muss méi aktiv ginn an no Weeër siche wéi hien dozou bäidroen kann, datt et zu engem Ofschloss vun dëse Verhandlunge kennt. Mir erënneren drun, datt 5 Joer an d’Land gaange sinn an et nach kee Fortschrëtt ze gi schéngt.
  2. D’Regierung ass gefuerdert hir Verantwortung ze huelen. 2017 ass e Gesetz gestëmmt gi wat de Remboursement vu Psychotherapië virgesäit.
  3. D’CNS an d’FAPYSLUX sollen esou séier wéi méiglech zeréck op de Verhandlungsdësch an de Mënsch an de Mëttelpunkt vun hire Verhandlungen stellen.

Matgedeelt vum CSJ Nationalcomité,

Lëtzebuerg, de 6. September 2022