Skip to content

“Omertà” à la luxembourgeoise – Däerf een zu Lëtzebuerg als Wëssenschaftler nach d’Regierung kritiséieren?

Ass et normal, datt wann een zu Lëtzebuerg “d’Audace” huet d’Lëtzebuerger Regierung ze kritiséieren, vu sengem Patron gekënnegt kritt?

Nee, dat ass net normal.

Ass et normal, datt een als Patron Angscht muss hunn virun der Regierung oder vun enger Administratioun bestrooft ze ginn, well ee vu senge Mataarbechter sech ëffentlecht kritesch iwwert Regierung geäussert huet?

Nee, dat ass net normal.

Dat ass net nëmmen net normal, mee e schaaft och e Klima wou am anere Fall konstruktiv Kritik et erlabe géif en ëffentlechen Debat ze hunn wéi déi verschidde Krisen an der Zukunft besser ze bewältege sinn.

An deem Kontext kann een sech froe wou de Bericht vun engem onofhängegen Expertegrupp zu den Iwwerschwemmunge vum Juli 2021 ass, deen sech kritesch a schounungslos mat de Reaktioune vum Staat an de Gemengen auserneesetzt? E Bericht wou ervir géif goen wat gutt gelaf ass oder wat geännert muss gi fir datt déi nächste Kéier manner Schued entscheet an d’Leit besser geschützt ginn.

Mee esou ee Rapport gëtt et net – well d’Regierung eegnen Aussoen no alles “richteg” gemaach huet an et dofir och keng Noutwendegkeet gëtt d’Krisegestioun kritesch ze hannerfroen an kritesch Froen souwuel iwwert den Warnsystem wéi iwwert Koordinatioun vum CGDIS mat den Gemengen a mam Staat sinn onerwënscht.

Mat dëser Arroganz a Mentalitéit – enger gewësser “Omertà” luxembourgeoise, déi net nëmme Wëssenschaftlecher betrëfft, mee och Geschäftsleit – verhënnert di blo-rout-gréng Regierung geschéckt, datt et a wichtegen Theme wéi dem Waasserschutz zu engem kontroversen ëffentlechen Debat kënnt an et, le cas échéant, erlaabt fir déi nächst Katastroph besser virbereet ze sinn.

Mir fuerderen d’Regierung dowéinst op:

  • Direkt fir Opklärung a Transparenz an der Causa “Jeff Da Costa” ze suergen an ze klären ob ee Regierungsmember oder e Responsabele vun enger Administratioun / Département ministeriel direkten Drock op de Patron vum Jeff Da Costa ausgeüübt huet;
  • En ofhängegen Expertegrupp domat ze beoptragen sech endlech schounungslos mat der Krisegestioun vum Staat an de Gemengen auserneenzesetzen;
    Doriwwer eraus muss fir d’CSJ d’liberté d’expression ausnamslos fir jidderee gëllen, a virun allem vis- à-vis vun der Regierung.