Skip to content

CSJ GOES BRUSSELS – 25 Juli 2019

CSJ GOES BRUSSELS // Entrevue Jean-Claude Juncker // Nei Europadeputéiert

Léif CSJler,

eng spannend Visitt ënnert dem Motto CSJ GOES BRUSSELS erwaart eis.

Mir fueren de 25. Juli op Bréissel, bei eise Kommissiounspresident, de Jean-Claude Juncker, souwéi bei eis zwee nei Europadeputéiert Christophe Hansen an Isabel Wiseler.

Et ass eng eemoleg Geleeënheet fir EU-Politik ganz no ze erliewen a mat eisen Haaptleit zu Bréissel an d’Gespréich ze kommen an är Froen ze stellen.

De provisoresche Programm ass folgenden:

  • 06h30: Depart an der Stad
  • 10h00: Arrivée zu Bréissel
  • 11h00: Entrevue mam Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker
  • 12h30: Mëttegiessen am Europaparlament
  • 14h00: Entrevue mat den Europadeputéierte Christophe Hansen & Isabel Wiseler
  • 15h30: Fräizäit
  • 18h00: Heemrees op Lëtzebuerg
  • 21h00: Arrivée an der Stad

D’Plaze si limitéiert – déi éischt si vir! Dir kënnt iech einfach iwwert de Formulaire op dëser Säit umellen.

D’Participatiounskäschte leie bei 25€ pro Persoun, déi ze bezuele si wann dir an de Bus klammt.

Dat hei gëtt eng eemoleg Erfarung a mir géifen eis freeën iwwer jiddereen deen hei dobäi ka sinn.

Mat de beschte Gréiss an hoffentlech bis geschwënn

Alex Donnersbach
CSJ-Nationalpresident

Basile Dell
CSJ-Generalsekretär