Skip to content

MIR BRAUCHEN ELO ENDLECH TRANSPARENZ AN OPKLÄRUNG

MIR BRAUCHEN ELO ENDLECH TRANSPARENZ AN OPKLÄRUNG MAM ËMGANG VUN DEN DATEBANKEN VUN DER POLICE AN DER JUSTIZ

CSJ fuerdert eng parlamentaresch Enquête-Kommissioun

D’Regierung vun DP/ Déi Gréng / LSAP ass viru 6 Joer ugetruede mam Usprooch fir „d’Fënstere grouss opzerappen“ an ze lëften. Am Dossier iwwert déi legal Basis vun Datebanke vun der Police a vun der Justiz gesäit ee wéi wéineg dës Regierung, virun allem, déi gréng Ministere François Bausch a Félix Braz dësem Usprooch gerecht ginn.

No zwou parlamentareschen Äntwerten, zwou Justizkommissiounen, engem oppene Bréif un d’Press an diversen Interviewe bleiwe méi Froe wéi Äntwerten.

No der Justizkommissioun vum 26. Juni 2019 waren d’Parteien sech eens, dass déi aktuell Datebanke vun der Police an der Justiz legal Froen opwerfen.

De Parquet général an de Justizminister Braz behaapte just de Géigendeel.

Et ass fir CSJ inakzeptabel datt de Justizminister senger Responsabilitéit an dësem Dossier net gerecht ginn.

Een hallwe „Mea culpa“, keng provisoresch Mesuren, keng Verbesserungsvirschléi an Aussoen déi am direkte Widdersproch zur Feststellung vun den Vertrieder vun de Regierungsparteien an vun der Dateschutzkommissioun stinn. Déi huet schonn an hirem Avis zum Gesetz vum 1. August 2018 schonn ganz kritesch iwwert legal Basis vun dësen Datebanke geäussert.

Am RTL Interview erkläert de Minister Braz och dat beim Rekrutement vu Fonctionnairë fir den Bibliothéiksservice vum Parquet général op dës Datebanken zeréck gegraff gëtt fir eng „Analyse de moralité“ ze maachen déi awer vun kengem Gesetz fir dëse Poste virgesinn gëtt.

Dës fragwürdeg Praxis gett vum Parquet général selwer folgend kommentéiert: „Es kann sein, dass das nicht richtig ist, aber bis jetzt hat noch niemand Beschwerde eingelegt”(Tageblatt, 29.06.2019). Doriwwer eraus, schéint dës, laut Informatioune vum Tageblatt vum 19 Juni eng gängeg Praxis ze sinn.

Et ass fir CSJ inakzeptabel dat Bierger keng Äntwerten op d’Fro kréie fir wéieng Zwecker dës Datebanke benotzt kënne ginn a wien Zougrëff dorobber huet. 

D’Rechtssécherheet muss hei eng absolut Prioritéit sinn fir Regierung. Den Accès op Donneen esou wéi Droits de la défense mussen zu all Moment garantéiert sinn.

Déi aktuell Widderspréch an d’Intransparenz vun der Regierung ass engem demokratesche Rechtsstaat net würdeg.

Déi zwee Ministeren, déi concernéiert Verwaltungen an d‘Kontrollgremie konnten – gewollt oder ongewollt – op eng helle Wull vu Froe keng Äntwert ginn.

CSJ ass der Meenung dat Lëtzebuerger endlech total Transparenz an dëser Affär verdéngen.

Ewéi schonn an der Vergaangenheet muss d‘Chamber sech duerfir déi néideg Moyen‘en ginn fir dës Praxis ze analyséieren. Dat geet just iwwert eng Enquêtëkommissioun.

Dowéinst fuerdere mir all d’Parteien an der Chamber op eng parlamentaresch Enquête-Kommissioun anzesetzen.

Ween Transparenz wëllt huet mat esou enger Kommissioun kee Problem.

Dës Kommissioun muss endlech fir déi noutwendeg Opklärung an Transparenz suergen.

Fir d’Rechtssécherheet vun all Bierger musse folgend Punkten gekläert ginn: 

 

  • D’Legal Basis vun den Datebanke bei Police an Justiz;
  • D’Kontroll op den Accès (wéineg Persounen Accès drop hunn an zu wéinegem Zweck) zu där Datebank oder deenen Datebanken;
  • Den exakte Kader fir de Gebrauch vun dësen Datebanken sou wéi d’Opdecke vun dem Gebrauch/Mëssbrauch vun dësen Datebanke wéi zum Beispill am Kader vun de Recrutéierungszwecker bei de Verwaltunge beim Staat oder an der Strofverfolgung;
  • De Prinzip klären op déi Datebanken och am Kader vum Rekrutement oder enger Enquête de moralité dierfe benotzt ginn;
  • Wéineg Schrëtt, spréch provisoresch Mesuren, elo direkt musse geholl ginn fir sécher ze stellen déi Datebanke fir déi legal Onsécherheeten aus dem Wee ze raumen an gläichzäiteg den Dateschutz vun all Lëtzebuerger Bierger garantéiert bleift.