Skip to content

Neien CSJ Nationalcomité

Den 8. Dezember 2018 hunn d’CSJ’ler de Wee bis an d’Drescherhaus zu Dummeldeng fonnt.

Nieft de Resolutiounen iwwert d’Andämmung vum Plastikknascht, enger klorer Positiounéierung zu eise Wäerter an engem Message vun “Opbroch an Erneierung” gouf och e neien Nationalcomité gewielt.

E grousse Merci dofir och un d’Elisabeth Margue an de Yannick Glod fir hiert Engagement zesumme mam Nationalcomité déi lescht 3 Joer.

Neie President a Generalsekretär vun der CSJ sinn elo den Alex Donnersbach a Basile Dell.

An de Nationalcomité goufen ausserdeem gewielt:

Norden: Stefano D’Agostino, Sascha Epp

Osten: Pol Breser, Lynn Zovilé

Süden: Françoise Kemp, Tom Kerschenmeyer, Kimi Mosel

Zentrum: Philippe Frieden, Bob Morbach, Jean-Claude Ries

Schüler a Studenten: Ben Farschon

Déi dräi Resolutiounen déi um Kongress diskutéiert a gestëmmt goufen, sinn deemnächst ob onsem Site disponibel.

v.l.n.r: Ben Farschon, Marc Ury (President CSJ Osten), Stefano D’Agostino, Pol Breser, Kimi Mosel, Philippe Frieden, Laurent Dimmer (President CSJ Norden), Françoise Kemp, Alex Donnersbach, Sascha Epp, Basile Dell, Lynn Zovilé, Bob Morbach, Tom Kerschenmeyer, Kim Felten (President CSJ Zentrum), Jean-Claude Ries, Martine Kemp (Presidentin Schüler a Studenten)