Skip to content

CSJ-Nationalkongress 2016

Mir invitéieren Iech häerzlech op eise Nationalkongress 2016, samschdes, de 27. Februar 2016, vun 09.00 Auer un zu Jonglënster Am Centre cuturel “Am Duerf” (24, rue du Village; L-6140 Junglinster).

Ordre du jour

9.00 Auer

Aschreiwe vun den Delegéierten

9.15 Auer

Ee Wuert vun der CSJ Osten

 9.20 Auer

Bestëmmen vum Kongressbüro

Ried vum CSJ-Nationalpresident – Charel HURT

Rapport a Bilan vum Generalsekretär – Fréd TERNES

Rapport vun den internationale Sekretären – Christophe HANSEN a Christophe ORIGER

Rapport vun de Schüler a Studenten – Alex DONNERSBACH

Rapport a Bilan vum Nationaltresorier – Françoise KEMP

Rapport vun de Keessereviseuren

Diskussioun vun de Rapporten

Decharge vum Nationalcomité

10.15 Auer

Bestëmme vun enger Wahlkommissioun

Presentatioun vun de Kandidaten

Wahle vum Nationalpresident a Generalsekretär

Wahle vun de Memberen vum Nationalcomité

10.45 Auer               

Presentatioun, Diskussioun a Stëmmen vun de Kongressresolutiounen

11.45 Auer

Proklamatioun vum Wahlresultat

Ried vum neie CSJ-Nationalpresident

12.15 Auer

Ried vum CSV-Nationalpresident – Marc SPAUTZ

Ried vum CSV-Generalsekretär– Laurent ZEIMET

Ried vum CSV-Fraktiounspresident – Claude WISELER

12.45 Auer               

Clôture vum Kongress mat der “Heemecht”

Weider Informatiounen iwwert d’Prozedure kënnt Dir hei fannen.


Dokumenter fir de Kongress

1. Aktivitéitsrapport

Den Aktivitéitsrapport vum Generalsekretär kënnt dir hei eroflueden:

– CSJ National: Aktivitéitsrapport 2015-2016 (pdf)

2. Projet Grondsazprogramm vun der CSV

De Projet vum Grondsazprogramm vun der CSV a weider Informatiounen rondrëmmer de CSV-Nationalkongress kënnt dir hei (link) fannen.

D’Propose vun enger Stellungnahm vun der CSJ an Ännerungspropose zum CSV-Projet kënnt dir hei (pdf) eroflueden.

3. Resolutiounen


 A punkto Amendementer fir de Kongress

Bei de Resolutiounen alleguerte gëllt: Falls dir wëllt Amendementer maachen, sollen déi iwwert d’Sträichen oder Verbesserunge vum Inhalt vum Dokument goen. Amendementer kënnen natierlech och just iwwert déi Texter hei goen, déi nach net ofgestëmmt sinn – heescht Positiounen, déi vu Kongresser vun de leschte Joeren ugeholl goufen, kënnen net amendéiert ginn. Amendementer däerfen natierlech och de Prinzip vun enger Resolutioun net komplett änneren.

Weist d’Schreiffeeler roueg un! Mä dofir ass awer keen Amendement néideg. Wat déi final Mise en page ugeet, gëtt déi nom Kongress gemaach, wann d’Texter definitiv sinn.

Amendementer kënne bis den 26. Februar schrëftlech un csj@csj.lu geschéckt ginn. Se kënnen awer och um Kongress schrëftlech beim Kongressbüro hannerluecht ginn. De Kongressbüro kann och um Kongress selwer op Basis vun de Diskussiounen nach Ännerungen ausformuléieren.

Wann dir en Amendement schrëftlech erareecht, gitt w.e.g. d’Linnenzuel an och d’Säit un.


Wann dir Froen hutt, kënnt dir se gären un csj@csj.lu schécken.