Skip to content

Bonne Chance Patrick!

D’CSJ felicitéiert dem Patrick Arendt zu sengem neie Mandat als Gemengeconseiller an der Gemeng Péiteng. Hien ersetzt vun haut un de Camille Bosseler, dee sech no 31 Joer aktiver Lokalpolitik zeréckzitt.

De Patrick ass zënter 2005 Member vun der CSJ an huet an de leschte Joer vill op lokalem Niveau geschafft. Hien hat zwee Mandater als President vun der lokaler CSJ an ass haut nach als Vize-President Member vum Comité. Donieft huet hien zënter 2012 als President vun der Péitenger Jugendkommissioun e weidert wichtegt Mandat an der Gemeng an ass och Member vun der Ëmweltkommissioun.

Bei de Gemengewahlen 2011 krut den diploméierten Educateur 2075 Stëmmen a konnt sech domat op der 11. Plaz vun alle Kandidate plazéieren; wat de beschte Beweis fir seng geleeschten Aarbecht a seng Beléiftheet ass.

Mir wënschen dem Patrick a senger neier Funktioun e gutt Geléngen a bonne Chance!

CSJ-Nationalcomité