Vum 14. bis de 17. November hun zu Bréissel d’ “Journées d’études” vun der YEPP, der Jugendorganisatioun vun der Euroäescher Vollekspartei, statt fond. 56 Participant’en aus 25 Länner, ënnert hinnen och de Christophe Hansen fir d’CSJ, hun eng Rëtsch vun Themen zesummen mat Vertrieder vun den europäeschen Institutiounen mé och zum Beispill dem International Republicain Institute kontrovers diskutéiert.
Ugefaang gouf mat engem Viirtraag vum Jan Surotchak vum IRI zum Thema “The US Elections and Transatlantic Relations”.
No dësem interessanten Viirtraag stung dunn eng Visite vum Parlamentarium, dem Visiteurszentrum vum Europaparlament um Programm.
Donnëschdes Nomëttes huet de Wilfried Martens, de President vun der EVP, dem europäesche Verband vun de crëschtlech sozialen a konservativen Parteien en beherzten Viirtraag iwert d’Relevanz vun den europäeschen Werter gehaal.
Uschléissend ass de Grupp an d’Europaparlament gaang, fir dem Viirtraag vum Europadéputéierten Jósef Szájer iwert d’Roll vun der EVP Famill an Europäescher Konstruktioun a fir d’Zukunft vun Europa nozelauschteren.
Fir eng strukturéiert Diskussioun an de Grupp vu 56 Léit ze brengen, goufen Donnëschdes Nomëttes a Freides Moies Deabatten nom System “House of Commons” organiséiert. Bei den Diskussiounen zu den Themen 1. Wahlrecht mat 16 jo oder nee, 2. Online Wahlen jo oder nee an 3. Oofdreiwung pro-life oder pro-choice huet een sech missen déi eng oder déi aaner Séit vum Sall Plaatz huelen. Bei den hëtzegen Diskussiounen huet zwar keen eendéiteg gewonn mé et war nawell ee flotten Exercice fir seng Argumentatiouns Kapazitéit ze trainéieren.
Als lëschten offizielle Punkt um ordre du jour, och well d’Visite vun der NATO wéinst der Escalatioun am Gaza ausgefall war, war ee Viirtraag vum Dana Trama-Zada vum Cabinet vum Viviane Reding.
Den Directive Viirschlaag fir eng besser Representatioun vu Fraen an den Directoir’en vu Betrieber déi op der Bourse quotéiert sin, goufen souwuel vun de weiblechen wéi och vun de männlechen Participant’en éichter skeptesch opgeholl. Bis 2020 solle mindestens 40% vun dësen Administrateur’en Frae sin. Momentan sin nëmmen 13,8% vun Administrateurs Posten an deene groussen europäeschen Betrieber vu Fraen besaat.