Skip to content

Een eegent Doheem fir jiddereen – och fir déi Jonk!

Och an de Summerméint gëtt et net fir jiddereen eng Paus. Um zweete Meeting vun der Aarbechtsgrupp “Wunnen a Mobilitéit” hu mir eis virun allem mam Thema Logement beschäftegt: Wat sinn d’Problemer fir déi Jonk? Wat kinnte Léisunge sinn? Wéi eng gutt Beispiller ginn et schonns am Ausland? A wéi weit soll a kann de Staat iwwerhaapt effikass agräifen?