Skip to content

E klenge Réckbléck: Konferenz “Europa am 21. Joerhonnert”

Eng kleng Delegatioun vu CSJ-Memberen (Christophe Hansen, Christian Gelijk, Pino Scalise, Patrick Fischbach a Julie Wieclawski) hat d’Éier en 18. Mee un der internationaler Konferenz “Europa am 21. Joerhonnert” deelzehuelen.  Politesch Gréissten wéi de Michail Gorbatschow, Michel Rocard oder d’Viviane Reding hunn iwwert d’Roll, d’Zukunft an d’Potential vun Europa debattéiert.

De Michail Gorbatschow huet fir eng besser Kooperatioun zwëschen der EU an Russland plaidéiert. Och Russland soll en aktiv Element an der europäeschen Evolutioun sinn. Hie bedauert, datt Europa et säit dem Enn vum kaale Krich, net fäerdeg bruecht huet, de Motor an der Welt ze ginn an d’Zäit wierklech ze notzen. Wat d’Kris ubelaangt, do proposéiert de Gorbatschow en Aarbechtsgrupp op d’Been ze stellen, deen emol ufänkt konkret Propositiounen an Léisungen ze siche fir aus der EU-Staaten-Kris ze kommen. Leider hätten déi europäesch Leaderen net méi déi selwecht Virstellung vun Europa wéi d’Grënnungsgeneratiou vun der EU. Wichteg wier et, dass deen Aarbechtsgrupp net vun de Leadere vun den EU-Staaten beaflosst gëtt. Eenzeg Objektiv vum Aarbechtsgrupp soll et sinn, Europa aus der Kris ze rappen.

De Michel Rocard huet gemengt, d’EU wier duerch de Muechtwiessel an Frankräich geschwächt ginn, well ee lo unhuele kann, dass Frankräich an Däitschland net méi un engem Strang wäerten zéien. D’Politiker an der EU géife souwisou am Moment éischter weisen, datt géigesäitegt Mësstrauen virherrscht an d’europäesch Integratiou fir vill Verantwortlech keng Topprioritéit méi wär.

D’Viviane Reding huet awer dës pessimistesch Vue kritiséiert, well si der Meenung ass, dass ee mat der Methode vun Frankräich an Däitschland schaffe muss an dëse Motor och nach ëmmer funktionnéiert. D’EU brauch Wuesstem, mä awer och disziplinéiert Spuermesuren. Et wier lo net un der Zäit an eng pessimistesch Stëmmung ze falen, mä grad lo misst ee rëm un den europäeschen Draam gleewen. Et gëllt grad elo rëm europäesch Visiounen ze hunn an eng staark EU-Wirtschaft opzebauen. Laut dem Viviane Reding, geet awer dat economescht Bündnis net duer. Et misst ee méi wäit goen, an eventuell eng Vereinfachung vum EU-Parlament duerchféieren awer och déi ganz europäesch Institutioune méi transparent a biergerno gestalten. “D’EU brauch eng richteg Legislativ mat enger gewieltener EU-Regierung am Hibléck op ee méi politesch Europa.”