Skip to content

Wéi eng Mobilitéit fir eist Land?

“Dofir fuerdert CSJ:

  •  déi séier Realiséierung vun de Peripherie-Gare ronderëm d’Stad Lëtzebuerg  (Zéisseng, Houwald, Dummeldeng, Kierchbierg) an d’Vernetzung vun deene Gare mat Bussen an Tramlinnen.”

Dëst hate mir 2009 an eisem Iddeeëkatalog fir d’Wahle geschriwwen. Mir freen eis dofir, nom Debat vum 14. Juni an der Chamber, datt et esou ausgesäit, wéi wa de Projet vum Tram definitiv vun enger ganz grousser Majoritéit gedroe gëtt. Besonnesch freë mir eis, datt en, sou wéi et och onbedéngt neideg ass, an eng global a gutt duerchduerchte Verkéiersstrategie “MoDu” agebonnen ass.

Wat sinn déi grouss Linnen vun dësem Konzept?

Dëst soll mat de Leit an de nächste Méint diskutéiert ginn. Ma de 14. Juni huet de zoustännege Minister Claude Wiseler déi schonns de Deputéierten an der Chamber an engem ganz ausféierlechen a ganz interessante Virtrag presentéiert, wou en op déi wichtegst Froen eng Äntwert gëtt (d’Biller déi an der Presentatioun ugewise ginn, kanns du hei a besser Qualitéit ëremfannen):

  • Wéi ass d’Situatioun haut? Wou léien déi grouss Problemer? Firwat ass  et net sou einfach eng Léisung ze fannen?
  • Wat sinn elo eis Prioritéiten an der Verkéierspolitik? Wat kënne mir am Moment awer net bauen?
  • Wéi ass d’Roll vum Tram an dëser Verkéiersstrategie? Firwat mécht de Tram Sënn an aner Alternative net? Wat kascht den Tram wierklech?

De Serge Wilmes huet dorops hin dann och d’Positioun vun der CSV Fraktioun an der Chamber presentéiert. Sou gëtt de “MoDu” de groussen Erausfuerderungen an der Mobilitéit gerecht. Och den Tram mécht als Deel vun dësem Gesamtkonzept Sënn. Allerdéngs mussen déi grouss Chantieren, déi virun allem an der Stad op d’Awunner an d’Geschäftsleit duerkommen, koordinéiert an a voller Transparenz mat de Bierger geréiert ginn.