Skip to content

Ach, die Werte!

Zesumme mam Erny Gillen, Generalvikar, dem Paul Galles, Responsabel vu Young Caritas, an dem Pierre Lorang, Generalsekretär adjoint vun der CSV, hu mir e Samschde iwwert d’chrëschtlech Sozialléier, d’Plaz vun de Grondwäerter an der Politik an d’Roll vun Jugendparteien an der Gesellschaft diskutéiert.

Fir wat stinn de “C” an den “S” an eisem Numm? Wat bedeit eis Jonken d’chrëschtlech Sozialléier? Personalitéit, Gerechtegkeet, Solidaritéit, Allgemengwuel a Subsidiaritéit – wat ass eist eegent Verständnis vun dëse Prinzipien, déi – deelweis – jo och bei anere Parteien ernimmt ginn? Wéi awer och Wäerter vermëttelen an enger Gesellschaft, wou ëmmer méi d’politesch Neutralitéit (a net de Pluralismus) zur Tugend gëtt a wou een oft den Androck vermëttelt kritt, datt et fir Politiker besser ass, wéineg Profil a keng fest Iwwerzeegunge ze weisen?

No engem ganz interessante Moien kann e soen: et ass gutt, richteg a neideg sech regelméisseg iwwer dës Froe Gedanken ze maachen an auszetauschen. Déi grouss Erausfuerderung fir eis selwer bleift herno awer ëmmer: net alleng driwwer schwätzen, ma och dono handelen!