Trotz Réckschléi nimools opginn!


Mam CSJ-President Serge Wilmes am Gespréich

De Kongress vun der chrëschtlech-sozialer Jugend war e vollen Erfolleg. Ëm déi 90 Jonker sinn e leschte Samschden zu Péiteng zesummekomm, fir sech Gedanken iwwert Themen ewéi d’Schoul, d’Pensiounen an d’Asylpolitik ze maachen. De Nationalpresident Serge Wilmes gouf vum Kongress mat grousser Majoritéit erëmgewielt.

Serge, du bass elo säit Mëtt 2008 President vun der chrëschtlech-sozialer Jugend. Wéi gesäis du haut eng CSJ an deng Aarbecht an der Jugend?

Ech war fir d’éischt emol frou, datt e Samschde souvill Jonker de Wee op Péiteng fonnt hunn, wëll et och eng Bestätegung vun der gudder Opbauaarbecht ass, déi een zesumme mat anere CSJler a mat der CSV an de leschten dräi Joere gemaach huet. D’CSJ ass haut nees eng lieweg Plattform fir Jonker, déi sech mat der chrëschtlecher Sozialléier identifizéiere kënnen, fir sech mat der Politik auserneenzesetzen, sech ze informéieren a mat interessante Perséinlechkeeten a Kontakt ze kommen. D’CSJ gëtt eis d’Geleeënheet, eis Meenung haart ze soen an un der Gestaltung vun der Gesellschaft a vum Land aktiv matzeschaffen an ze probéieren eppes ze bewegen.

Besonnesch wichteg ass a bleift fir mech als President awer, datt mir an der Jugend eng gutt Stëmmung hunn, fair mateneen ëmginn an trotz inhaltlechen Differenzen, déi et heiansdo emol ginn, ëmmer zesummenhalen. D’CSJ soll eng Plaz sinn, wou mir Jonker eis mat Freed engagéieren a wou mir gären zesummekommen. D’CSJ ass eist politescht Doheem.

Wéi gesäit eng CSJ déi aktuell politesch Situatioun?

Mir kucken der Zukunft mat Zouversiicht entgéint. Lëtzebuerg ass a bleift nach ëmmer e Land, wat senger Jugend gutt Perspektive bitt, e Land, wou mir a Fridden, Fräiheet an engem gewësse Wuelstand liewe kënnen.

Mir maachen eis awer och Suergen a gesinn, datt dëst Land virun groussen Erausfuerderunge steht, déi mir resolut ugoe sollen. Et bréngt näischt virun den Ustrengunge fortzelafen an et wär net gerecht alleng de nächste Generatiounen d’Léisung vun de Problemer ze iwwerloossen.

Dofir hu mir och op eisem Kongress zur Pensiounsreform däitlech gesot, datt mir fannen déi Reform géif ze vill eesäiteg zu Laaschte vun de Jonke goen. Mir wëllen eisen eegenen Eltren a Grousselteren elo sécher net hir Pensioune klauen. Ma an der Pensiounsfro, ewéi och an anere Froen, ass eis d‘Solidaritéit wichteg. D’Solidaritéit tëschent Aarm a Räich an awer och d’Solidaritéit tëschent Jonk an Al.

Dofir hu mir och op engem anere Punkt – zu de Staatsfinanzen – däitlech gesot, datt mir onbedéngt den Defizit vum Staat an de Grëff musse kréien. Et ass richteg, datt mir Wuesstem brauchen. Et kann awer net sinn, datt de Konsum vun haut zu engem groussen Deel op Scholden opgebaut gëtt. Mir sinn averstan, datt de Staat weiderhi vill investéiert. Dëst soll awer sënnvoll an nohalteg geschéien. An d’Infrastrukturen. An d’Fuerschung. An d’Ausbildung vun de Kanner. An d’sozial Gerechtegkeet. An de Schutz vun der Ëmwelt. An d’Schafung vun Aarbechtsplazen. A virun allem – ouni senger Jugend e Scholdebierg ze hannerloossen.

Du hues mëttlerweil schonns eng gewëss politesch Erfahrung a konns déi lescht Méint als neien Deputéierten hannert d’Kulisse vun der Chamber kucken. Wéiee Rot gëss du engem Jonken, de sech politesch engagéiere wëll?

Nimools opginn! Vill Jonker komme mat groussen Idealer, mat groussem Enthusiasmus a mat grousse Projeten an d‘Politik. Dat ass gutt esou! Ambitionéiert Ziler ze hunn, ass fir eis Jonker ganz normal. Grouss Fuerderungen ze stellen, dat gehéiert zu eis. Wa mir Jonker et net maachen, ween dann? Mir däerfen eis einfach net mat allem zefridde ginn an d’Aen virun de groussen Ongerechtegkeeten an de laangfristege Problemer verschléissen. Allerdéngs si vill Jonker oft séier enttäuscht, wann hir Iddien net vun haut op muer realiséiert ginn. Wa Widderstänn kommen, leeën se d’Hänn an de Schouss. Et muss een heiansdo awer och a klenge Fortschrëtter denken an op laang Siicht kucken.

An der Politik brauch een dofir Ausdauer a Courage. Ausdauer a Courage sengen Iwwerzeegungen a Wäerter trei ze bleiwen. Ausdauer a Courage – trotz Réckschléi – u sech an u seng Ziler ze gleewen.

,