Skip to content

Äddi Luss

An dëse Stonne voller Leed an Trauer ëm hire léiwe Verstuerwenen, onse Frënd, Deputéierten an CSV-Fraktiounspresident,

de Lucien Thiel

kënne sech seng Fra, seng Kanner an seng ganz Famill dem Matgefill a Bäileed vun der Chrëschtlech Sozialer Jugend sécher sinn!

D’CSJ wäert de Luss als ee groussen Deputéierten, häerzensgudde Mensch a virun allem wertvollen Ënnerstëtzer vun deene Jonken a beschter Erënnerung halen!

Äddi, Luss, du feels eis! Mir wäerten Dech ni vergiessen!

An déifstem Respekt,

d’Chrëschtlech Sozial Jugend
Lëtzebuerg, de 26. August 2011