Skip to content

Transparente Populismus

Eng fräi politesch Tribün vum Serge Wilmes, CSJ-Nationalpresident, op RTL Radio, den 20. Juni 2011

Léif Nolauschterinnen a Nolauschterer,

A Spuenien an a Griicheland ginn d’Leit Dag fir Dag op Strooss. Si ginn op d’Strooss, well si keng Perspektive fir sech gesinn an Angscht ëm hir Zukunft hunn. Si ginn op d’Strooss well si sech ongerecht behandelt fillen. Déijeeneg awer déi se féiere sollen, déi hinnen Zouversiicht misste ginn, kënnen dat net. D’Politiker bréngen et am Moment weder mat Aktiounen nach mat Wierder fäerdeg, hinnen dës Impressiounen ze huelen. D’Leit vertrauen a gleewen hinnen einfach net méi. Dobäi wär grad a sou schwéiere Krisenzäiten eng zolitt Vertrauensbasis tëschent dem Vollek a senge Vertrieder onendlech wichteg.

Elo ass d’Bild vum Berufspolitiker, och heiheem, an dat net eréischt zënter der Wirtschaftskris, net ëmmer dat Bescht. Schold dodrunner si sécherlech eng Rei Viruerteler, déi ee vis-à-vis vun de Politiker huet. Viruerteler mat deene sech eben all Beruffsgrupp ploe muss. Dat ass bekannt.

Schold dodrunner ass awer virun allem de Politiker selwer, deen zumools duerch säin Verhalen dës Viruerteler all ze dacks bestätegt. Dat konnt een dëser Deeg och nees hei heem feststellen.

Huele mir zum Beispill d’Aussoe vum sozialisteschen Aarbechtsminister, deen nawell staark wéint der geplangter Reform vun der ADEM kritiséiert gëtt. No 2 Joer wou hien am Amt ass, ass d’Aarbechtsamt nämlech nach ëmmer net reforméiert ginn, obwuel hien dëst am Ufank vun sengem Mandat mat grousse Wierder ugekënnegt hat. Esou wäit esou gutt, schliesslech ass dat och keen einfachen Dossier. Allerdëngs gëtt een dann als verantwortungsbewosste Politiker d’Schold un sengem eegenem Onverméigen net alleng senge Virgänger, andeems een einfach mol behaapt datt déi, déi lëschten 20 Joer näischt geschafft hätten.

Net vill besser sinn awer och d’Aussoe vun der grénger Fraktioun, déi, nodeems hei am Land all Partei well gréng Politik maache wëll, no neie Beräicher siche muss, wou si punkte kann. An dat schéngt se elo an der Fuerderung no der totaler transparenter Politik fonnt ze hunn. Fir déi Gréng muss am Parlament nämlech net nëmmen alles wat gesot gëtt verëffentlecht ginn, mä och den Deputéierte selwer soll alles oppenleeë wat hie perséinlech iwwerall esou verdéngt.

Dës béid Aussoe schéngen op den éischte Bléck net schlecht a kéinte wuel vu ville mat 2 Hänn ënnerschriwwe ginn. Allerdëngs maache se näischt aneschteres ewéi vun der eegener Verantwortung ofzelenken, andeems reng op déi aner geklappt gëtt. An dat ass ze einfach!

Wouer ass nämlech, datt de sozialisteschen Aarbechtsminister elo schon 2 Joer am Amt ass an deemno genuch Zäit hat fir d’Reform vun der ADEM uerdentlech virzebereeden an ëmzesëtzen. Wouer ass och, datt keen eenzegen Deputéierte vun deene Grénge mam gudde Beispill virgeet a bis elo seng finanziell Situatioun dem Vollek gewiesen huet.

An dofir schueden esou Aussoen alt nees eng Kéier dem Bild an der Glaafwierdegkeet vun der Politik. Si bestätegen eent zu eent d’Clichéen, déi Leit dobausse vun de Politiker hunn an droen net dozou bäi,datt d’Vertrauensbasis mam Bierger nees gestäerkt gëtt. Well si sinn am Endeffekt näischt aneschteres ewéi eng Verdréiung vun der Wirklechkeet, Populismus, deen esou pur ass, datt en engem an d’Ae stécht eben, transparente Populismus!