Skip to content

Ried vum Serge Wilmes beim CSJ-Nationalkongress

Um CSJ-Nationalkongress vum 12. März huet den CSJ-President Serge Wilmes an senger Ried ee kloere Message un déi politesch Verantwortlech wéiderginn. Déi Jonk fillen sech momentan net genuch eescht geholl an dat well d’Politik an de lëschten 2 Joer net genuch d’Zukunft vum Land an deemno besonnesch déi vun de Jonken Generatiounen, virbereed huet. Dofir misst endlech elo eppes geschéien an net eréicht muer oder iwwermuer! Dobäi si Jonk ewéi aal gefuedert, hiren Deel dozou bäizedroen.