Skip to content

Nees ee Joer manner?

Eng fräi politesch Tribün vum Serge Wilmes, CSJ-Nationalpresident, op RTL Radio, den 14. Februar 2011.

Léif Nolauschterinnen a Nolauschterer,

Zäit ass eppes wertvolles an dofir muss een déi Zäit, déi ee kritt och richteg notzen. Dat gëllt fir de Mensch genee ewéi fir eng ganz Gesellschaft, ee ganzt Land. Hei zu Lëtzebuerg ass awer eng Zäitbomm am gaangen ze ticken, ewéi et virum kuerzem an där gréisster Dageszäitung ze liese war. Déi Bomm tickt gemittlech weider, an dat virun allem fir ons, déi Jonk. Wéini datt si an d’Luut goe wäert, kann net genee gesot ginn.

Mä eppes ass sécher, onse Sozialsysteem, ons Staatsfinanzen an domat ons ganz Wirtschaft wäerten explodéieren, wann näischt geschitt. Dee grousse Coup kënnt villäicht schon am Joer 2030, wann onst Land 700.000 Aarbechtsplaze brauch fir alleng déi héich Pensiounen nach bezuelen ze kënnen. Et kann awer och eréicht am Joer 2090 sinn, wa mir 3.000.000 där Plaze brauche fir net ënnerzegoen.

De Pensiounsysteem ass awer net déi eenzeg Bomm, déi entschäerft muss ginn. Mir brauchen nämlech och méi gezielte Sozialleeschtungen. Weder de Pappa Staat mat der Strenz nach ee radikale Sozialofbau sinn de richtege Wee. Sozial Sécherheet ass a bleift eng Noutweendegkeet, mä ons Sozialleeschtunge mussen och an Zukunft finanzéierbar bleiwen. A si mussen un éischter Plaz fir déi do sinn, déi se wirklech brauchen.

Mir brauchen awer och eng Kultur vum Schaffen, vun der Kreativitéit an vum Fläiss. Den Entrepreneursgeescht muss bei ons Jonke méi gefördert, unerkannt a belount ginn. Ee Mentalitéitswandel alleng geet awer net duer. Wat gebraucht gëtt, sinn déi néideg Moyenen a virun allem d’Ennerstëtzung a d’Begleedung bei der Emsëtzung vun onse Projeten!

Onst d’Land brauch dëse Plus u Fuerschung, un Innovatioun, u potentielle kléngen a mëttelstännege Betriber an dofir mussen déi néideg Konditioune geschaafen ginn. Am Bildungssysteem. An den Infrastrukturen. An als éischt emol an enger administrativer Vereinfachung, fir datt mir net just d’Land vun de kuerze, mä vun de séiere Weer ginn.

Ouni gesond Finanzen ass allerdëngs keng vun dëse Reforme méiglech an dowéinst geet et och net duer, datt de Staatsbudget bis 2014 erëm am Equiliber ass. Dat gëtt zwar dacks, och vum Premier, als dat grousst Ziel presentéiert, mä et ka just eng Zwëschenetapp sinn. An de Joeren duerno musse mir nees Iwwerschëss réaliséieren, well d’Joere mat méi klengem Wirtschaftswuestum an déi nächst Krise laueren hannert dem Bierg!

All dëst verlaangt vun der Politik Ausdauer, Viraussiicht a virun allem Courage. Nu sinn am Oktober awer Gemengewalen a mir wëssen all: Walen a politesche Courage sinn dacks net déi beschte Frënn. Dat ass kee Geheimnis, mä dacks eng traureg Realitéit! An dowéinst läit et dëst Joer besonnesch un ons Jonken, d’Regierung un hir Pflichten an hir Verantwortung ze erënneren. D’CSJ wäert op alle Fall d’CSV un dat Mandat erënneren, wat si 2009 vun de Lëtzebuerger, ënnert hinne vu ville Jonken, kritt huet.

Alibireformen däerfen et och am Waljoer keng ginn. Mir Jonker däerfen dat net akzeptéieren well et geet och dëst Joër ëm d’Zukunft vum Land, also em ons Zukunft. An do därfen Wale keen Argument, keng Entschellegung sinn fir wertvoll Zäit ze verléieren.

Dofir léif Jonker, informéiert Iech, sot Är Meenung, mëllt Iech zu Wuert! Bei de Ministeren, den Députéierten, de Parteien, de Gewerkschaften! Maache mir dat net, dann tickt d’Zäitbomm weider an ons all bleift just eng Gewëssheet: Nees ee Joer manner!