Skip to content

CSJ-Nationalcomité vum 21.01.11

Freides den 21.01.2011 huet d’CSJ den CSV-Europa-Deputéierte Frank Engel an hirem Nationalkomitee begréisst. De Frank Engel war ee vun de 2 CSJ-Kandidate bei den Europawahle vum 7 Juni 2009 an hat nom Wahlowend de Sprong an d’Europaparlament gepackt. Hien ass mat eis virun allem Europa-Politesch Dossieren duerch gaang an huet op grouss Baust?llen an Erausfuerderunge vun der EU fir d’Zukunft higewisen. Donierft si mir och op di aktuell wirtschaftlech Situatioun, den EURO an d’Krise di nach ëmmer net iwwerstanen ass agaang, an dësem Kontext stinn och nach ganz vill EU-Dossieren op di weiderhi vir vill Diskussioun suerge wäerten, wéi z.B. den europawäiten Austausch vu Bankdaten.

Weider si mir am Gespréich mam CSV-Europa-Deputéierten och op international Problemer a Sujeten vu politescher Aktualitéit agaang, wéi di gespaante Protester di am Moment virun allem an den arabesche Länner stattfannen.