Skip to content

Generalversammlung CSV International

De Méinden 29. Dezember 2010 hat d’CSV-International hir Generalversammlung am Restaurant Siewenburen an der Stad. Während dëser Versammlung huet d’CSV-International, déi schon zënter 2008 aktiv ass, een Comité an een Exekutiv gewielt. D’CSV-International huet sech dëst Joer eegen Statuten ginn déi vum CSV-Nationalkongress am März 2011 sollen ugeholl ginn fir dat aus dëser Sektioun eng offiziell Ënnerorganisatioun vun der CSV kann ginn. Niewend engem President goufen och 2 Vize-Presidenten gewielt. Een vun hinnen ass de Charel Hurt, dee Member vum CSJ-Nationalcomité a President vun der CSJ-Stad ass. D’CSJ gratuléiert dem Charel Hurt fir dës nei Fonktioun an wënscht him vill Gléck an sengem Engagement.