Skip to content

Glühwäinstand

D’CSJ-Stad hat Sonndes den 5. Dezember 2010 säin traditionnellen Glühwäinstand an der Groussgaass. Dëst Joer hunn d’CSJ’ler aus der Stad niewend dem wuarmen Wäin virun allem Flyerën ausgedeelt fir déi vill Léit, déi um zweeten Adventssonnden an der Stad op de Been wuaren, iwwer hir nei Kampagne “Mecker mol” ze informéieren. Dobäi sinn si vum Minister Claude Wiseler, dem CSV-Députéierten an Stater Gemengerot Lucien Thiel an dem CSJ-Nationalpresident Serge Wilmes, ënnerstëtzt ginn. Méi Informatiounen iwwer dës Kampagne fënnt een op www.knuedler.lu