An elo?


Eng fräi politesch Tribün vum Serge Wilmes, CSJ-Nationalpresident, op RTL Radio, den 20. September 2010.

Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,

Den Ufank vum Hierscht ass traditionell, niewend dem Ufank vun der Schoul, och dee vum politesche Joer hei am Land. Esou eng Rentrée ass allgemeng mat vill Nervositéit an enger gewësser Onsécherheet verbonnen, well kee weess, wat déi nächste Méint genee brénge wäerten. No enger roueger a flotter Summervakanz, an där ee versicht huet d’Suerge vum Alldag mol op der Säit ze loossen, konfrontéiert den Hierscht eis nees mat der Realitéit. An déi ass net ëmmer graad esou agreabel, zumools déi aktuell wirtschaftlech a politesch Situatioun vum Land.

Zënter Méint zerstreide sech d’Regierung, d’Gewerkschaften an d’Patronën ewéi et dann elo ëm äist Land steet. Esou seet déi eng Säit, datt et eis net gutt geet, während déi aner Säit behaapt et géif kee Grond zur Panik ginn, well mir besser do stinn ewéi all déi aner op der Welt. Déi eng wëllen dowéinst reforméieren a spueren, während déi aner weidermaache wëllen ewéi bis elo an d’Suen zur Fënster erausgeheien. Kee Wonner also, datt d’Rentrée 2010 d’Leit dobausse komplett veronséchert a jiddfereen sech freet: An elo? Ewéi geet et weider?

Besonnesch déi Jonk stelle sech dës Froen ëmmer nees, well si et sinn, déi riskéieren am stärksten d’Konsequenze vun dem aktuellen sozial-politeschen Duercherneen ze spieren. Schon zënter enger Rei Joere fannen ëmmer méi Jonker keng Aarbechtsplaz méi, well si entweder keen Diplom méi an der Täsch hunn oder awer net dee richtegen. D’Kaafen oder d’Bauen vun enger Wunneng ass fir déi meescht Jonk just nach een Draam, dee si sech hei am Land net méi verwirkleche kënnen, et sief dann et huet ee geierft oder et verschëllt een sech bis wäit an den Liewensowend eran. Mä och dat gëtt ëmmer méi eng krokeleg Affär, well déi Jonk vun haut net méi mat deenen héiche Pensiounen rechne kënnen ewéi si momentan nach ausbezuelt ginn.

D’Aussichte vun de jonke Generatioune sinn deemno alles aneschteres ewéi gutt. Allerdengs schéngt dat ausser enger handvoll vu politeschen a soziale Verantwortleche keen hei am Land ze interesséieren. Esou huet een als Jonken ëmmer méi den Androck, datt déi Generatiounen, déi elo iwwerall am Land un den Hiewelen stinn, just drunn interesséiert sinn, hiren eegene Liewensstandard ze sécheren ouni sech awer seriö Gedanken ze maachen, wat no hinne geschitt, fräi nom Motto: après nous le déluge!

Wär dat nämlech net de Fall, da géif net nach laang gestridden an diskutéiert, mä endlech Neel mat Käpp gemaach ginn! Well jo, eist Land brauch onbedéngt strukturell Verännerungen an dat schon alleng am Interessi vun de jonken an den nächste Generatiounen.

An dofir soll sech d’Regierung elo och net dovunner ofhale loosse fir äise Schoul-, Gesondheets-, Pensiouns-, Wirtschafts- an Finanzsysteem op de Leescht ze huelen. Zitt si déi Reformen duerch, da riskéiert den Hierscht zwar fir eis Allguerten waarm ze ginn, mä si verhënnert doduerch gläichzäiteg, datt mir déi nächste Joeren net méi aus dem schweessen erauskomme géifen.

An elo, léif Nolauschterinnen an Nolauschterer, ewéi décidéiere mir eis ?

Serge Wilmes,
CSJ Nationalpresident