Skip to content

Déi nei Konservativ!

Eng fräi politesch Tribün vum Serge Wilmes, CSJ-Nationalpresident, op RTL Radio, den 31. Mee 2010

Léiw Nolauschterinnen an Nolauschterer,

Wann et ee Wuert gëtt, datt déi leschten 2 Joer wuel am Meeschte benotzt ginn ass, dann ass dat hëchstwahrscheinlech d’Wuert Kriis. Bestëmmt geet Iech dësen Ausdrock schon esou lues op de Sou, well en éischtens iwwerall ze héieren ass an zweetens mat negative Wierder ewéi Spueren, Aschränken, Verzichten, Ännerungen, also ënnert dem Strëch mam Gefill, datt een an Zukunft manner kritt a manner huet, verbonnen ass. An trotzdeem ass et wichteg a richteg fir dat onbeléiwtend Wuert weider an de Mond ze huelen, well eng Kriis nun eemol eng decisiv Phase am Liewe vun engem Mensch, enger Gesellschaft, ergo engem Land ass. Dëst gëllt och fir Lëtzebuerg, dat sech ewéi eng sëllege Länner weltwäit an enger déiwer wirtschaftlecher Rezessioun befënnt. Dat weisen alleguerten d’Statistiken, dat spieren déi meeschte Leit, wann och nach net jiddfreen. An awer si mir alleguerten dovunner betraff, well d’Situatioun an där eist Land sech befënnt zwar nach net katastrofal, awer ganz eescht ass. Dobäi riskéiert dat Ganzt nach méi schlëmm ze ginn, wann ee bewosst seng Aae virun der Realitéit zoumécht an säi Kapp an de Sand stécht bis datt de Stuerm laanschtgezunn ass. Genee esou eng Attitude kann zënter dem Ufank vun der Kriis bei verschiddene Kreeser festgestallt ginn.

Dës Kreeser hu sech a rouegen Zäiten ëmmer betount fortschrëttlech ginn a jiddfreen, dee net hirer Meenung war, als konservativ bezeechent. Hire léiwste Stoussnëckel war an ass d’CSV, déi si fir alles, wat am Land schief gaangen ass, verantwortlech gemaach an als verstëppst duergestallt hunn. Et stëmmt schon, datt d’CSV eng konservativ Partei ass, konservativ an hire Basiswerter, mee net konservativ an hire Positiounen, an hirer Politik. D’CSV huet sech an dee leschte Joerzéngten ëmmer beweegt an eist Land mat enger wäitsiichteger Politik no virbruecht. Mee déijeeneg, déi sech ëmmer esou progressiv an hire Werter ginn hunn, krute vun der Kriis d’Maske erofgerappt a stelle sech elo als konservativ an hire Positiounen eraus.

Dës nei Konservativ wëllen am Géigensaz zu der CSV keng däifgräifend Verännerungen akzeptéieren, well si op näischt verzichten an hir Gewunnechte net op d’Kopp geheie wëllen. Dowéinst stelle si einfach mol radikal d’Kriis a Fro an hunn déi fest Absicht, fir op Käschte vun den nächste Generatiounen, deen extrem héiche Liewensstandard hei am Land ze finanzéieren. Och d’CSV wëll datt jiddferee vun eis weider gutt liewe kann, awer net andeems eenzeg an alleng Scholde gemaach ginn, déi herno vun eis Jonken zereckbezuelt musse ginn. Vill méi sinn elo, an net muer éreischt, Reformen néideg, Reformen, déi un d’Fundament vun eisem Land ginn, well hannert der aktueller konjonktureller Kriis eng Strukturkriis verstoppt ass. Esou mussen de Pensiouns- a Krankeversëcherungsysteem, d’Schoul, den Aarbechtsmaart, d’Kompetivitéit an d’Diversifikatioun vun eiser Wirtschaft, fir just déi wichtegste Chantierën ze nennen, op de Leescht geholl ginn.

Dat ass déi Generatioun, déi elo an der Verantwortung steet, deenen nächste schëlleg. D’CSJ appelléiert dofir un all déi Jonk dobaussen, sech zesummen mat eis dogéint ze wieren, datt eis Zukunftsperspektive vun deenen neie Strukturkonservativen blockéiert ginn.