Skip to content

Eng fräi politesch Tribün vum Serge Wilmes, CSJ-Nationalpresident, op RTL Radio

De CSJ Nationalpresident Serge Wilmes hat d’Méiglechkeet um RTL an der Emissioun “eng fräi politesch Tribün” genotzt, fir op d’Thema vum Jugendparlament zeréckzegräifen. D’Ried fannt dir als Annexe!

Ee Parlament fir déi Jonk

Eng fräi politesch Tribün vum Serge Wilmes, CSJ-Nationalpresident, op RTL Radio

Léif Nolauschterinnen a Nolauschterer,

zënter lëschter Woch gëtt et hei zu Lëtzebuerg niewend der Chamber nach ee Parlament an zwar ee Parlament fir déi Jonk, déi tëschent 14 a 28 Joer aal sinn. Joerelaang gouf vun alle Säiten eng méi staark an breed politesch Bildung fir déi Jonk gefuerdert an elo ass endlech ee wichtegt Element vun esou engem Bildungskonzept, nämlech d’Jugendparlament, wouer ginn. Och d’CSJ huet sech vun Ufank un fir dësen innovativen Projet agesat a bei der Ëmsetzung aktiv matgeschafft. Mir waren an mir sinn an der CSJ nach ëmmer der Meenung, datt et niewend de Jugendparteien hei am Land eng politesch Plattform soll ginn, ewou Jonker vun allen Bordën, mat deene verschiddenste Meenungen zesummekommen, fir ze débattéieren a fir sech Gedanken ëm hir Zukunft an déi vum Land ze maachen.

Well ewéi widderhuele dach praktesch all Politiker ëmmer erëm esou gären: déi Jonk sinn d’Zukunft vum Land. Et gëtt wuel kee Saz, deen eng méi banal an dach wiesentlech Wourecht enthält ewéi dësen. Jo, deene Jonke gehéiert ouni Zweifel d’Zukunft. Mä fir datt dat och de Fall wäert sinn, ass et wichteg, datt mir Jonker eis och fir d’Zukunft interesséieren an eis iwwerleeën ewéi et hei am Land weidergoe soll, wa mir gären hätten, datt dëse Saaz net ee komplett eidel bleiwe soll.

Leider sinn an eiser Wuelstandsgesellschaft awer ëmmer manner Jonker bereed fir sech aktiv fir hir Matmënschen anzesetzen an hirt Liewe selwer an de Grapp ze huelen. An dobäi stinn onofhängeg vun der aktueller Wirtschaftskris eng Hëllewull vun Erausfuederunge virun der Dier, déi besonnesch eis Jonker betrëffen, ewéi zum Beispill d’Sécherung vun eisem Pensiouns- a Gesondheetssysteem, d’Bekämpfung vum Chômage, d’Schafe vu präiswertem Wunnengsraum, d’Reform vun dem Schoulsysteem, de Schutz vun eiser Ëmwelt, Diversifizéierung vun der Wirtschaft fir nëmmen déi akutste Probleemer ze nennen.

D’Schafung vun engem Jugendparlament bitt deemno deene Jonken eng eemoleg Geleeënheet fir d’Gesellschaft op dës Erausfuederungen an hir Léisungsvirschléi opmierksam ze maachen. D’Jugendparlament huet also d’Potenzial fir déi gemeinsam Stëmm vun der Jugend hei zu Lëtzebuerg ze ginn an domatt eng wichteg gesellschaftlech Roll ze spillen. An dach mussen déi Jonk, déi bei deem Projet matmaachen, sech eppes kloer bewosst sinn: Jonk ze sinn alleng ass leider kee Kritär, fir datt op ee gelauschtert gëtt. Nëmmen wann d’Jugendparlament niewend senger méi formativer Aufgab och fundéiert Meenungen/Stellungen zu de politesch relevante Sujetsën hëlt an de Kontakt zur Politik an der Zivilgesellschaft sicht, wäert et op sech opmierksam maache kënnen. Geschitt dat net, da riskéiert dee wertvolle Projet inhaltlech genee esou eidel ze bleiwen ewéi bis dato deen elo just zitéierten Saz, datt déi Jonk d’Zukunft vum Land sinn!