Skip to content

Invitatioun op eng Wäiprouff ze Ohn

Mat Freed dierfe mir all eis CSJ Memberen op eng Wäiprouff an der Kellerei Duhr invitéieren, déi vun eiser CSJ Kanton Miersch organiséiert get. Den Evenement ass fir den 11. Dezember ze Ohn geplangt, wou et dann um 18h 45 bäi der Kellerei Duhr lass geet. No der Degustatioun(géint 21h00) geet et gemittlech an de Restaurant “Beim klenge Wum”, wou een sech dann nach e mol schéin zesumme setze kann an den Owend bäi engem gudden Iessen (wat jidderee fir sech selwer bezilt) ausklénge léisst.

Fir Reservatioune biede mir Iech sech un den Jacques Pütz ze adresséieren, dee är Reservatioune gären entgéint hellt. Mir hoffen natierlech dass den Interessi grouss ass, a freeën eis schon elo op en schéinen Owend.