Skip to content

CSJ-Wahlkongress 2009: Ee grousse Merci!

Léif CSJler a Frënn vun der CSJ,

am Numm vun der CSJ wëlle mir deene ville Jonken a Frënn, déi gëschter Owend op eisem Wahlkongress zu Walfer waren, nach eemol ee groussen Merci soen fir hir Präsenz, hir Ënnerstëtzung an hiert Vertrauen!

Dir hutt all dozou bäigedroen, datt et een interessanten Kongress war, an deen neien Nationalcomité freet sech fir kënnen an deenen nächsten 2 Joer mat iech zesummen ze schafen.

Dir kënnt elo scho Fotoe vum Kongress an eiser Galerie kucke goen.

Nach eemol een groussen Merci un Iech!

Mat beschte Gréiss,

Serge Wilmes, CSJ-Nationalpresident
Georges Weber, CSJ-Generalsekretär