Skip to content

Merci fir äert Vertrauen!

wilmes1.jpg.thumb“D’CSJ seet Iech Alleguerten villmools Merci, datt dir de 7. Juni d’Lëscht 7 esou massiv gewielt an domat d’CSV gestäerkt hutt. Dës Stäerkung ass fir eis natierlech d’Verpflichtung fir eng seriö a räsonnabel Politik weiderzeféieren, an dofir ze suergen, datt mir all zesummen aus der Kris erauskommen an als Gesellschaft nach méi staark zesummewuessen.

D’CSJ seet Iech besonnesch Merci, datt dir eis jonk Kandidaten op den CSV-Lëschten gutt gewielt hutt. Deemno ewéi déi nächst Regierung ausgesäit, stinn zwee CSJ’ler direkt virun der Chambersdier a mam Frank Engel huet ee laangjäregen aktiven CSJ’ler de Sprong an d’Europaparlament gepackt!

Merci fir äert Vertrauen an eis Partei, an an eis Leit!

Da wëll ech perséinlech awer och allen CSJ’ler fir hiren Asaz an hir Ennerstëtzung an de leschten Wochen a Méint ee grousse Merci soen. Ouni iech all wär dëst Resultat net méiglech gewiescht.

Ech wëll dofir och just een eenzegen Wonsch un iech riichten: Kommt, fuere mir mat dëser gudder Aarbecht virun!

Am Sënn vum Land an am Déngscht vun eise Matbierger!”

Serge Wilmes

CSJ-Nationalpresident