Skip to content

Ideeë fir d’Zukunft

Iddeee-fir-d_ZukunftAls gréisste politesch Jugendorganisatioun ass d’CSJ sech bewosst, datt si an der besonnescher Verantwortung steet, fir no Léisungen ze sichen a Virschléi ze maachen, fir datt de soziale Fridde vum Land net méi ewéi bis elo eleng duerch de Wuelstand vu sengen Awunner geséchert gëtt a fir datt jiddwer Jonken a jiddwer Bierger hei zu Lëtzebuerg d’Chance behält, sech fräi ze entwéckelen an e selbststännegt, erfëlltent Liewe féieren ze kënnen.

Dofir huet d’CSJ an dëser Kongressresolutioun, eng Rei Fuerderungen a Verbesserungsvirschléi entwéckelt, déi mir eiser Partei an de politesche Verantwortleche mat op de Wee ginn, fir datt am Laf vun der nächster Legislaturperiod déi strukturell Reforme gemaach ginn, déi et erlaben d’lëtzebuerger Gesellschaft un d’Erausfuederunge vun der Zäit unzepassen, an d’Kohäsioun vum Land ze stäerken.