Skip to content

Walen 2009

De 7. Juni 2009 si Landes- an Europawalen. Deen Dag decidéieren d’Biergerinnen an d’Bierger a wéi eng Richtung sech eist Land an Europa an den nächste 5 Joer entwéckele soll. Keng Wal ass awer ewéi déi aner, well all Wal sech an engem permanent verännertem Ëmfeld ofspillt. De Kontext andeem d’Walen dëst Joer iwwert d’Bühn ginn, kann ouni Zweiwel als historesch bezeechent ginn. De Wirtschaftssystem, dee mir bis elo kannt hunn, ass nämlech am Hierscht 2008 zesummegebrach. D’Welt, Europa a Lëtzebuerg sinn zënterdeems vun der schlëmmster Wirtschaftskris zënter 80 Joer getraff. D’Welt wäert no dëser Kris eng aner sinn ewéi virun der Kris. Bei de Wale vun dësem Joer gëllt et deemno, d’Weichen ze stellen fir, datt eist Land ouni gréissere Schued duerch dës schwéier Zäit kënnt an déi politesch Decisiounen ze huelen, déi et erlaben, d’Zäit no der Kris virzebereeden, fir datt Lëtzebuerg besser do steet ewéi virdrun. Dofir ass et wichteg, datt mir d’Zukunft vun eisem Land an d’Hänn vun deene leeën, déi dofir suergen, datt Lëtzebuerg am 21. Joerhonnert eng fräi, gerecht, oppen, tolerant an optimistesch Gesellschaft bleift, deem seng Awunner mateneen an net laanschtenee liewen.

An dofir steet déi Partei, vun där mir, d’CSJ, houfreg sinn een Deel ze sinn, nämlech d’CSV. Si huet eist Land bis elo duerch eng raisonnabel an duerchduechte Politik op ee séchere Wee gefouert, ee Wee, deen net aus dem Näischt kennt, mä deen op deem gebaut ass, wat sech bewäert huet. Ee Wee, deen also een zolidd Fundament huet an deen an den nächste Joere weider ausgebaut wäert ginn. Dofir gi mir eis och net mat der Streck zefridden, déi bis elo gemaach ginn ass. Mir wëllen awer, am Géigesaz zu aneren, ee progressiven a kee radikale Wandel fir eist Land. D’Kris bedeit fir d’CSJ net, datt all Decisiounen, déi bis elo geholl gi sinn, radikal a Fro gestallt solle ginn. Gefrot si vill méi eng roueg Hand an ee kloere Bléck fir dat Wesentlecht. D’Wirtschafts an d’Finanzkris hunn eisem Land zwar Steng an de Wee geluecht, mä et gëllt elo net ze panikéieren an iwwerall blann no neie Weeër ze sichen. Wichteg ass et zesummenzestoen an d’Probleemer een nom aneren aus dem Wee ze raumen, fir dee Wee, dee eist Land bis elo geholl huet, konsequent weiderzegoen. D’Kris ass deemno keng Fatalitéit, mä eng Chance. Eng Chance fir eis Gesellschaft, méi staark ze ginn, fir d’Solidaritéit net nëmmen een abstrakt Wuert sinn ze loossen, mee konkret ze liewen.