Skip to content

CSV-Euromeeting 2009

Léif CSJler,

Dir sidd häerzlechst invitéiert, fir dëse Sonnden, de 25. Januar 2009 ëm 10.00 Auer, zu Mutfort am Centre Culturel, op den CSV-Euromeeting 2009, ze kommen!

Profitéiert vun der Geleeënheet, fir bei der Präsentatioun vun der CSV-Lëscht an dem CSV-Programmentworf fir d’Europawalen 2009 dobäi ze sin, an d’EU-Kommissärin Viviane REDING an den Premier Jean-Claude JUNCKER ze begéinen!

Programm vum CSV-Euromeeting:

  • Kaffi/Croissant vu 9.30 Auer un
  • Begréissung an Aféierung duerch de Marco SCHANK, Generalsekretär.
  • Presentatioun vun der CSV-Lëscht fir d’Europawalen 2009 duerch de Parteipräsident François BILTGEN.
  • Presentatioun vum CSV-Programmentworf fir d’Europawal 2009 “Zesumme wuessen. Fir ee staarkt, solidarescht an innovatiivt Europa vum Bierger” duerch d’Viviane REDING, EU-Kommissärin.
  • Interventioun vum Jean-Claude JUNCKER, Premierminister, “Zesumme wuessen. Zu Lëtzebuerg an an Europa.”
  • Éierewäin