Skip to content

Europameeting 2009

Léif CSJler,

Profitéiert fir dësen Samsden, 17. Januar vun 10.00 bis 18.30 Auer, op den Europameeting zu Mamer am Schlass ze kommen, deen CSJ zesummen mat eisen Kollegen aus der Groussregioun organiséiert.

Mir hun nämlech déi grouss Eier fir ënnert anerem d’EU-Kommissarin Viviane Reding (ab 17.30 Auer), d’CSV-Europadéputéierten Astrid Lulling, Jean Spautz, Erna Hennicot-Schoepges, den Innenminister Jean-Marie Halsdorf an d’CSV-Députéierten Lucien Thiel an Marcel Oberweis, bei eis begréissen ze kënnen.

Hei nach eemol den Programm vum Europameeting:

10.00 Auer Ukommen vun den Participantën

10.30 Auer Begréissung

11.00 Auer Präsentatioun vun den gemeinsamen Iddien

Débat a Präsenz vun der Europadéputéierten Erna Hennicot-Schoepges

12.30 Auer Iessen

13.30 Auer 1. Diskussiounsronn: D’Erausfuederungen fir d’Europawalen 2009

A Präsenz vun den Europadéputéierten Astrid Lulling, Jean Spautz an dem CSV-Fraktiounssekretär Frank Engel

15.00 Auer Paus

15.30 Auer 2. Diskussiounsronn: D’Groussregioun, Utopie oder Realitéit?

A Präsenz vum Minister Jean-Marie Halsdorf an dem Députéierten Marcel Oberweis

16.30 Auer 3. Diskussiounsronn: Wéi kann d’Groussregioun zu engem féierenden universitären Raum gin?

An Präsenz vum Députéierten Lucien Thiel an der franzéischer Députéierten Valérie Rosso-Debord

17.30 Auer Ried vun der EU-Kommissarin Viviane Reding

Débat mat den Jonken

18.10 Auer Konklusiounen vun den Vertrieder vun den Jugendparteien an Clôture vum Kongress mat der Europahymne

18.20 Auer Point presse zesummen mat der EU-Kommissarin Viviane Reding