Skip to content

Europameeting 2009

Europameeting 2009

Invitatioun fir den Europameeting!
Samsdes, den 17. Januar 2009, ab 10.00 Auer, am groussen Festsall vum Schlass zu Mamer

D’CSJ an eis Frënn vun de Jeunes Populaires (F), der Junge Union (D) an den Jeunes CDH (B) aus der Groussregioun invitéieren DECH häerzlechst fir bei eisem Europameeting 2009 matzemaachen.

D’Joer 2009 ass een grousst Waljoer: niewend den Chamberswalen gëtt den 7. Juni 2009 och een neit Europaparlament gewielt. Dofir kommen mir Jonker zu Mamer zesummen, fir iwer eis gemeinsam Iddien fir d’Europäesch Unioun an d’Groussregioun, déi mir zënter dem Summer 2008 ausgeschafft hun, ze diskutéieren. Profitéier vun dëser Geleënheet fir mat ze schwätzen an mat eis zesummen ze wéisen, datt déi Jonk sech fir déi europäesch Iddi begeeschteren an sech fir hier Ëmsëtzung resolut engagéieren.

D’CSJ, d’Jeunes Populaires, d’Junge Union an d’Jeunes CDH aus der Groussregioun, géifen sech dofir frëen dech den 17. Januar op eisem Europameeting kënnen ze begréissen!

Programm…
Programm vum Europameeting

Samsdes, den 17. Januar
Mamer, Festsall vum Schlass

10.00 Auer Ukommen vun den Participantën
10.30 Auer Begréissung
11.00 Auer Präsentatioun vun den gemeinsamen Iddien
Débat
12.30 Auer Iessen
13.30 Auer 1. Diskussiounsronn: D’Erausfuederungen fir d’Europawalen 2009
15.00 Auer Paus
15.30 Auer 2. Diskussiounsronn: D’Groussregioun, Utopie oder Realitéit?
16.30 Auer 3. Diskussiounsronn: Wéi kann d’Groussregioun zu engem féierenden universitären Raum gin?
17.30 Auer Interventiounen vun Invitéën
18.15 Auer Konklusiounen
18.45 Auer Clôture vum Kongress mat der Europahymne

Deen ganzen Dag wäerten national an europäesch Mandatären um Meeting präsent sin!

Adress vum Dag

D’Mamer Schlass – Administration communale de Mamer
1, Place de l’Indépendance
L-8252 Mamer