D\’CSJ zum Thema \”Wunnen\”


Léif CSJ’ler,

Léif Jonker,

hei präsentéiert iech d’CSJ am Kontext vum “Pacte logement”, hier Positioun zum Thema “Wunnen” esou e wéi se d’Memberen vun der CSJ um Nationalkongress, den 12. Abrëll 2008, an der Kongressresolutioun “Focus Jonk”, festgehaalen hunn.

Kongressresolutioun “Focus Jonk”

3. Wunnen

Introduktioun

D’Wunne gehéiert net nëmmen zu engem vun de fundamentalste Menscherechter, mee dréit och zur Verwierklechung an zur sozialer Integratioun vum Mënsch bei. Leider ass d’Wunnen an d’Bauen an deene leschte Joeren hei zu Lëtzebuerg esou deier ginn, datt ëmmer méi Léit grouss Schwiergekeeten hu, fir sech nach eng eege Wunneng leeschten ze kënnen. Vill Bierger, dorënner eng ganz Rëtsch Jonker, mussen sech haut dës Dags wéinst deenen ze héiche Wunnengspräiser staark aschränken an, an der Regel d’Hallschent vun hirem Akommes fir d’Bezuele vu Loyer oder Bauprêt nees ausginn. Datt doriwweraus eng grouss Zuel vu Lëtzebuerger dem Land de Rëck kéiere mussen, fir sech hiren Draam vun engem eegenen Heem nach erfëllen ze kënnen, steet onsem Land ganz schlecht zu Gesiicht…


3.1. Ee Recht op Wunnen: eng sozial Verpflichtung!

Fir d’CSJ ass et d’Aufgab vun der Politik, fir alle Menschen hei am Land e würdegt a qualitativ gutt Wunnen ze erméiglechen. Et handelt sech dobäi ëm eng sozial Verpflichtung well et och an dësem Fall ëm d’sozial Kohäsioun vum Land geet. Nach si praktesch 70% vun den Haushalter hei am Land Propritäire vun hirer Wunneng, woubäi déi grouss Majoritéit an Eefamilljehäiser wunnt. D’CSJ wëll datt dëst och an Zukunft esou bleift, datt mir keng Gesellschaft kréien an däer nëmme méi eng handvoll vu Leit Propritaire vun hirem Heem sinn, wou eng handvoll vu Leit dat ganzt Bauland besëtzt an dodrop spekuléieren, datt d’Präisser ëmmer weider erop ginn, fir sech méiglechst vill ze beräicheren. Wunne muss och an Zukunft fir jiddereen e realistescht Ziel bleiwen. Dofir musse weider grouss Ustrengune gemaach ginn, fir Bauland an Immobilië mëttelfristeg fir eng Majoritéit vun der Bevölkerung zougänglech ze maachen.

3.2. Staat a Gemengen si gefuerdert!

De Staat an d’Gemenge mussen all méiglech, a mat de Regele vun der fräier Maartwirtschaft konform, legislativ an adminstrativ Mëttelen asetze fir d’Offer vu Bauland a Wunnegen ze steigeren an esou d’Immobilien- an d’Grondstéckspräisser ze drécken. D’Steieren um Verkaf an d’Droits d’Enregistrements vun enger Immobilie sollen och an Zukunft niddereg bleiwen. Fir d’CSJ muss déi ëffentlech Hand awer an den nächste Joeren,

  • dausende vun neie Wunnege bauen a subventionéieren
  • energieeffizient Baue zum Standard maachen, déi administrativ Prozedure vereinfachen,
  • Bauland, wat an hirem Besëtz ass um Maart ubidden a méi grouss Baulandfläche kafen

Dofir musse virun allem d’Gemenge méi finanziell Mëttele ewéi bis elo kréien. D’CSJ ass awer och der Meenung, datt de sektorielle Bebauungsplang, esou wéi en den IVL virgesäit, ëmgesat muss gi fir datt et hei am Land net zu enger wëller Zersiedlungspolitik kënnt.

De Staat an d’Gemenge mussen awer virun allem op hire Grondstëcker, de “bail emphytéotique” massiv förderen an sech dofir asëtzen, datt esou vill ewéi méiglech privat Grondbesëtzer op de selwechte Wee matginn. Well dëst awer een déife Mentalitéitswiessel virausëtzt, deen eréischt längerfristeg ze realiséieren ass, mussen nach weider legislativ a fiskal Reforme realiséiert ginn, fir datt all Bierger d’Recht op eng eege Wunneng behält. D’CSJ schléit dowéinst vir, d’Grondsteier substanziell no enger Rei vu Joeren ze erhéichen, esou datt et méi interessant ass fir d’Grondstëck um Maart unzebidden, ewéi et ewéinst der Spekulatioun brooch leien ze loosen. Och déi Immoblien, déi eng Rei Joeren eidel stoe bleiwen, solle mat enger “Net-Notzungstaxe” besteiert ginn, déi vu Joer zu Joer däitlech erhéicht gëtt. D’CSJ erënnert drun, datt eis Verfassung e Recht op Eegentum virgesäit, a net e Recht op asozialt Verhalen duerch excessif Spekulatioun op Keschte vun aneren.

Fir d’CSJ mussen besonnesch jonk Familjen a jonk Koppele, bäi nohaltegem an energie-effizientem Bauen verstärkt an de Genoss vun ëffentleche Bauprimme kommen, zu ökologeschem Bauen encouragéiert ginn, a vu Staat a Gemengen gratis an hiren Demarchë berode ginn. Déi administrativ Prozedure musse doriwwer ewech vereinfacht a méi séier gemaach ginn.