Radio 100,7 (29.04.08), Politesch Partizipatioun, vum Serge Wilmes


Léif Nolauschterer,

eng demokratesch Gesellschaft ewéi Lëtzebuerg soll sech ënnert anerem doduercher auszeechnen, datt sech esou vill Bierger ewéi méiglech um politesche Liewen bedeelegen. Zu dëser Gesellschaft gehéieren ënnert anerem och déi Jonk an eis auslännesch Matbierger. Während mir Jonker ab 18 Joer d’Recht hunn, fir wielen ze goen an eis wielen ze loossen, kënnen eis auslännesch Matbierger schon zënter enger Rei Joere bei den Europa- an Gemengenwale matmaachen…

An dach geet dëst fir d’Zukunft net duer, well eng grouss Zuel vu Jonken ëmmer manner Loscht huet fir sech Gedanken iwwer Politik ze maachen a sech dofir ëmmer méi an hir Privatssphär zereckzitt, während et bei eisen auslännesche Matbierger der eng sëllege gëtt, déi och gären bei den Nationwalen wëllte matmaachen, awer duerch hir Nationalitéit net däerfen. Wann een awer bedenkt, datt mëttelfristeg eis auslännesch Matbierger hei am Land an der Majoritéit wäerte sinn, da mussen elo Mesure geholl ginn, fir dat Lëtzebuerg och an Zukunft eng demokratesch Gesellschaft bleift.

Et muss also dofir gesuergt ginn, datt all Awunner, op Jonk oder Aal, op Lëtzebuerger oder Auslänner, ee Matsproocherecht huet, datt all eenzele Bierger sech aktiv um gesellschaftlechen a politesche Liewe bedeelegt.

Fir eis auslännesch Matbierger méi staark an d’politescht Liewe mat anzebannen, misst een deenen ënnert hinnen, déi aus deene verschiddensten Grënn nach net d’lëtzebuerg Nationalitéit unhuele kënnen, d’Recht ginn, fir bei den Nationalwalen wielen ze goen, während awer d’Recht fir sech wielen ze loossen och an Zukunft un d’lëtzebuerger Nationalitéit gebonnen bleife muss. D’CSJ wëll also keng Revolutioun vum Walrecht, mee eng Erweiderung – eng Erweiderung fir eis auslännesch Matbierger. Allerdéngs besteet fir d’CSJ keen Zweiwel, datt een en erweidert Walrecht nëmmen ënner bestëmmte Konditioune kréie kann. Eng Persoun, déi ouni d’Nationalitéit unzehuelen, gäeren um politesche Liewen deelhuele wëll, stëmmt mat iwwert dat langfristegt Wuel vum lëtzebuerger Land. Virun allem a Beräicher ewéi Finanzen, Wirtschaft, Bildung oder an de Gesellschaftsfroe brauche Staat a Gemengen eng Politik, déi langfristeg ugeluecht ass. Zum Walrecht mussen also déijeneg Zougang hunn, déi sech och wierklech fir eist Land interesséieren an dëst duerch d’Erfëlle vu bestëmmte Konditioune weisen.

Fir d’CSJ sinn déi wichtegste Konditiounen, déi erfëllt musse gi fir d’lëtzebuerger d’Walrecht ze kréien:

Ø d’Kënne vun der lëtzebuerger Sprooch

Ø eng Rei Joeren ouni Ënnerbriechung zu Lëtzebuerg gelieft ze hunn

Ø Civiquescoursë matgemaach ze hunn!

Fir eis Jonk Matbierger nees méi fir Politik ze interesséieren, bréngt et näischt fir ëmmmer nees de Walalter a Fro ze stellen. Fir d’CSJ soll de Walalter bis op weideres bei 18 Joer festgesat bleiwen, well mir net der Meenung sinn, datt een déi Jonk méi fir d’Politik interesséiert kritt, andeems ee just de Walalter erofsetzt. Politik kann net alleng ob Wale reduzéiert ginn, mee dozou gehéiert och déi politesch Diskussiounen an d’Debatten, déi ganz politesch Aarbecht, déi zu Walen an Ofstëmmungen am Parlament féieren. Dofir fuerdert d’CSJ, datt endlech eng ganz Rei Mesurë geholl ginn, déi d’politesch Engagement vun deene Jonken och wirklech verstäerke wäert.

Esou muss fir d’CSJ an der Schoul d’politesch Bildung endlech eng fest Plaz kréien. An deem Kontext geet et net duer fir de Civiquescours ze reforméieren an opzewäerten. Fir datt déi Jonk eng politesch Kultur entwëckelen, brauch eis Schoul een interaktiven, interdisziplinären a parteipolitesch neutrale Cours, andeem déi Kompetenzen, déi se fir dat politescht a beruflecht Liewe brauchen, ewéi z.B. kontrovers diskutéieren, argumentéieren an debattéieren, gefördert ginn.

Fir d’CSJ geet eng besser politesch Bildung an der Schoul awer laang net duer, mee et mussen och,

Ø innovativ Initiativen, ewéi dat vun der CGJL geplangte Jugendparlament, ënnerstëtzt ginn

Ø Organer ewéi d’Jugendréit nei belieft ginn

Ø déi nei Kommunikatiounstechnologië verstäerkt fir jugendspezifesch Informatiounskampagne benotzt ginn

Ø d’Parteien hir jonk Membere verstäerkt politesch forméieren an ënnerstëtzen

Ø jonk Walkandidaten eng Diskussiounsplattform an de Medie kréien

Dëst alles sinn nëmmen e puer konkret Virschléi fir d’politesch Partizipatioun vun allen Awunner, och fir d’Zukunft ze garantéieren an ze verstäerken. Sécher awer ass, dat eng breed politesch Partizipatioun nëmmen am Interessi vun der sozialer Kohäsioun ass, wann et da stëmme soll, dat jidereen eenzelnen vun eis zielt!

Serge Wilmes

CSJ-Nationalpresident