Kongressresolutioun \”Focus Jonk\”


D’CSJ presentéiert all Dag ee Punkt vun der Kongressresolutioun “Focus Jonk”, déi d’Memberen vun der CSJ um Nationalkongress, den 12. Abrëll 2008 kontrovers diskutéiert, amendéiert a schliesslech mat enger breeder Majoritéit gestëmmt hunn.

Haut presentéiert ierch d’CSJ d’Punkten 2.6. an 2.7. vum 2. Deel vun der Kongressresolutioun “Focus Jonk”:

Kongressresolutioun “Focus Jonk”

2. Bildung – Edukatioun

2.6. Néi Aufgaben, néi Mëttelen!

De Kär vum Schoulpartenariat bilden weiderhin d’Schüler, d’Enseignanten, d’Educateuren an d’Elteren. An och wann d’Elteren an der Zäit nëmmen een Deel vun hirem Erzéiungrecht un d’Schoul ofginn hunn, esou muss d’Schoul vun haut a vu muer, wéinst enger verännerter Familljelandschaft an der an der Regel béid Elterendeeler schaffe ginn, ëmmer méi e grousst Stéck vun der Erzéiungs- a Sozialiséierungsaarbecht iwwerhuelen.

Aus dem Grond musse fir d’CSJ,

  • nei Schoulmodeller, ewéi z.B. d’Ganzdagsschoul, ugebuede ginn a sozial Strukturen ewéi Maison relais, Crèchen, Schoulfoyeren a Schoulkantinen ausgebaut ginn.

D’Schoulzäit limitéiert sech haut dës Dags eben net nëmme méi op déi eigentlech Unterrichtsstonnen. Dëst sëtzt awer ënnert anerem eng nei Konzipéierung vun de Schoulgebäier viraus. Fir d’Enseignantë bedeit et, well hir Aufgab schons haut iwwert d’Wëssensvermëttlung erausgeet, a si och no de Schoulstonne fir d’Schüler disponibel sinn, fir hinnen ze hëllefen an si an hir Elteren ze beroden, datt si déi néideg Mëttelen zur Verfügung kréie, fir dës zousätzlech Aufgaben ze meeschteren ouni, datt et zu enger Iwwerbelaaschtung kënnt.

Dofir muss d’inter- a multidisziplinär Zesummenaarbecht innerhalb vun enger Equipe vu Professionnellen aus dem Edukatiouns- a Pädagogiksberäich d’Regel ginn. Den Enseignant ka kee Pädagog, Psycholog an Entertainer an enger Persoun sinn. Hien muss awer déi néideg fachlech Kompetenzen hu fir an engem ëmmer méi komplexen, differenzéierten Edukatiounssystem eens ze ginn. Den Enseignant muss sech also permanent weiderbilden a seng Aarbecht mat där vu senge Kollege koordinnéieren. Fir d’CSJ brauch d’Schoul deemno,

  • e gutt forméiert a motivéiert Léierpersonal, dat respektéiert gëtt an d’Ennerstëtzung vun den eenzele Schoulpartner huet.

Fir mat pädagogesch schwéiere Klassen eens ze ginn, muss fir d’CSJ net nëmme méi ewéi bis elo op experimentéiert Enseignanten zeréckgegraff ginn, mee nierwend dem SPOS och eng speziell Struktur fir déi Schüler geschaf ginn, déi wéinst schwéiere Verhalens- a Léierproblemer net am regulären Unterricht bleiwe kënnen. Och Nohëllefsstonne fir Schüler mat Léierdefiziter a Förderstonne fir besonnesch begabte Schüler müssen ausgebaut ginn. Déi bescht méiglechst Ausbildung fir d’Enseignantë bedeit awer, datt am Kader vum Bolognaprozess iwwer eng Reform vun de Formatiounskriteren an dem Recrutementprozedur vun den Enseignanten, virun allem aus dem Secondaire, muss nogeduecht ginn.

Bei den neie Schoulmodeller dierf et sech fir d’CSJ awer nëmmen ëm eng breed Offer handelen, déi den Elteren zur Verfügung steet an net een eenheetlecht Pflichtmodell. Elteren, déi hir Kanner doheem erzéien a selwer mat hinne léiere wëllen, sollen dofir genee ewéi déi Elteren déi ob eng ëffentlech Struktur zeréckgréifen, proportionnal zu hirem Akommes eng finanziell Ënnerstëtzung vum Staat kréien.

2.7. Mir brauchen jidder Eenzelen!

D’CSJ bekennt sech deemno explizit zu engem schoulesche Pluralismus mat engem differenzéierten Unterricht, deen de Schüler hir spezifesch Kompetenzen, Bedürfnisser a Kapazitéite berücksichegt an andeem de klasseschen an technesche Lycée genee esou e wéi d’Privatschoulen hir Plaz hunn. Den technesche Lycée an d’Berufsausbildung mussen awer revaloriséiert ginn, well se der Villfalt vun eiser Gesellschaft entspriechen an déi sozial Integratioun a Mobilitéit förderen. Doriwwereraus ass d’CSJ der Meenung, datt de Wiessel vun engem Schoulmodell an deen anere verbessert soll ginn, ouni dobäi awer d’Leeschtungsufuerderungen ze vill héich oder ze vill déif ze sëtzen.